Bléck op de Weekend: Héije Loftdrock hëlt schonn um Sonnden of

Virun e puer Deeg huet et nach esou ausgesinn, wéi wa sech de kommenden Héichdrockafloss iwwert de ganze Weekend zéie géif. Déi nei Modeller gesinn dat elo awer anescht.

Grousswiederlag

Haut um Donneschde läit en Déifdrockgebitt mat sengem Kär iwwer Ostdäitschland an huet eis soumat och am Grëff. Et ass meeschtens gro an et kann och ëmmer erëm naass ginn. Dobaussen um nërdlechen Atlantik, südwestlech vun de britteschen Insele, läit e grousst Héichdrockgebitt mat engem Kärdrock vu ronderëm 1030 hPa. Dëst Héichdrockgebitt hätt sech de Berechnungen aus de leschten Deeg no solle mam Gros vu senger Fläch de Weekend iwwer iwwer grouss Deeler vun Europa solle leeën. Mëttlerweil gëtt awer domat gerechent, dass d’Héichdrockgebitt aus Norde vun déiwem Loftdrock zesummegedréckt gëtt a soumat méi déi südlech leiend Géigende vun eis ënnerhale soll. Dëst Déif, wat dofir suergt, erwëscht eis de Sonnde mat enger schwaacher Kalfront an dréckt d’Temperature fir eng Zäitchen erof. Vum Méinden u soll dann méiglecherweis e weidere Versuch vun den Héichdrockgebitter gestart ginn, fir sech awer fläit am grousse Stil kënnen iwwert eise Käpp breetzemaachen.


Den Héichdrockafloss gëtt de Sonnden ënnerbrach | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 05. November 2021

De Freidemoien ass et meeschtens gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 3 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 5 an 8 Grad erop. Et bleift ëmmer nach gro a plazeweis och fiicht. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Soubal de Niwwel fort ass weise sech kompakt Wolleken, tëscht deenen et heiansdo zu sonnege Momenter komme kann. Et sollt net reenen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 6 Grad zréck, et gëtt no a no manner wollekeg. E puer Niwwelfelder melle sech méi spéit awer zréck.

Samsden, 06. November 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, lokal awer erëm gro duerch Niwwel. D’Temperature leien tëscht 2 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 5 a 7 Grad erop. Et bleift onverännert. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 8 an 10 Grad erreecht, de Wand ass liicht spierbar aus West-Südwesten ënnerwee. An de Spëtzte packt en et op 30 km/h. Et zéien eng Partie déck Wolleken duerch, et sollt awer meeschtens dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 an 8 Grad zréck, d’Wolleke gi méi dënn mee et komme Niwwelfelder opgezunn.

Sonnden, 07. November 2021

De Sonndemoien ass et meeschtens gro a naass, dat well déi besot schwaach Kalfront iwwert eis ewechzitt. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis méi spierbar aus westleche Richtungen. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift de ganzen Dag laang gro, d’Nidderschléi ginn awer vum spéidere Nomëtten u manner heefeg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 6 Grad zréck, d’Luucht bleift gréisstendeels zou.