Bléck op de Weekend: Héije Loftdrock méi zentral, trotzdeem keng gréisser Ännerung

De Weekend iwwer leie mir nach méi zentral ënner héijem Loftdrock, wat d’Wiedergeschéien heiheem awer net groussaartëg verännere wäert.

Grousswiederlag

Iwwerdeems dëst Héichdrockgebitt haut um Freiden a muer um Samsde weiderhin iwwert eise Käpp hänkt, gëtt de Gros vun der Déifdrockaktivitéit ronderëm ëmgeleed. E Changement soll fréistens fir de Sonnden ustoen, wéi en Déifdrockgebitt aus dem skandinavesche Raum iwwer Polen weider an den Osten zitt. Bei dësem Prozess gëtt eng schwaach Front an eis Géigende gedroen, déi d’Warscheinlechkeet vu Schaueren wärend enger Zäitchen an d’Luucht dréckt. Den héije Loftdrock gëtt soumat och kuerz ënnerdréckt, ier en direkt Ufanks der nächster Woch erëm zréckkomme soll.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Geheie mir e Bléck op de Verlaf vum Weekend, aus aktueller Siicht gesinn.

Freiden, 19. November 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt an och niwwleg, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 6 an 8 Grad erop. Et bleift weiderhin onverännert: et ass meeschtens gro, dobäi ass mat Niwwel a Fisemreen ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et bleift wuel de ganzen Dag zimmlech gro an zäitweis och fiicht/naass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 an 8 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Aus Norde sinn Opkläerunge Schrëtt fir Schrëtt e bësse méi warscheinlech.

Samsden, 20. November 2021

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, et sinn och nach Niwwelfelder ënnerwee. D’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 a 9 Grad erop. Do wou de Niwwel verschwonn ass, hu mir et mat vill Sonn an e puer eenzelne Wollekefelder ze dinn. Et wäert op de meeschte Plazen awer méiglecherweis nach eng gutt Zäitchen dauere, bis et esouwäit ass. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 6 an 10 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 15 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, woubäi d’Wolleken awer schonn erëm no a no méi déck ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, den Himmel zitt duerch kompakt Wolleken an och Niwwelfelder zou. Et gëtt erëm fiicht, ouni dass et awer vill reent.

Sonnden, 21. November 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 3 a 7 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi héich. Et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad ze erwaarden, dat iwwerdeems de Wand schwaach aus West-Südweste bléist. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et gëtt no a no e bësse manner wollekeg, mat Chance weist sech och d’Sonn mol kuerz. Um Owend an an der Nuecht falen d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad, et si vill Wolleken ënnerwee.