Bléck op de Weekend: Héije Loftdrock schafft sech zréck

Liichten Déifdrockafloss suergt de Moment an och an de leschten Deeg schonn fir méi grot an deels naasst Wieder. Fir de Weekend soll sech den Héichdrockafloss erëm méi duerchgesat kréien.

Rouegt Wieder mat net vill Nidderschléi

D’Nidderschléi komme, wéi et dem aktuelle Stand no schéngt, a Richtung Enn Januar méiglecherweis ze kuerz – esou och de kommende Weekend.

Um Freide leie mir nach um Rand vum liichten Déifdrockafloss, ier an der Nuecht op de Samsde lues a lues e neit Héichdrockgebitt aus Westen op eis duergeschwappt kënnt. Um Samsde selwer läit dëst dann iwwer Lëtzebuerg, wäert awer och fir e puer méi zéi Niwwelfelder verantwortlech sinn. Och um Sonnde bleift dëst Héich bei eis, soubal sech de Niwwel opgeléist huet kënnt sech d’Sonn weisen. Reen soll de ganze Weekend iwwer keen virkommen.


Et leet sech erëm héije Loftdrock iwwert eis | Animatioun: wxcharts.com

D’Temperature packen et um Freiden op tëscht 2 a 5 Grad, dagsiwwer zéien eng Partie Wolleken duerch déi weiderhi fir lokal a liicht Nidderschléi suerge kënnen. Um Samsde si mir mat tëscht 3 a 6 Grad dobäi – ob sech d’Sonn weise kënnt, ass dem Niwwel iwwerlooss. Just wa sech dësen opgeléist kritt, gëtt et wierklech frëndlech an eisem Ländchen. Do wou de Niwwel méi kompakt ausfält, ass liichte Fisemreen méiglech. Um Sonnde gëtt et mat 3 bis 7 Grad e bësse méi mëll, soubal sech de Niwwel verzunn huet schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall.

An de Nuechte leien d’Temperature jeeweils tëscht -2 an 2 Grad. D’Gefor vu lokal glate Streckenofschnëtter besteet also weiderhin.