Bléck op de Weekend: Hëtzeg, kleng Warscheinlechkeet vu Schaueren & Wiederen

En héichsummerlech waarme Weekend steet un. An der Nuecht op de Samsden an och um Samsde besteet aus aktueller Siicht gesinn de Risk vun engem lokalen Hëtztdonnerwieder.

Fir d’lescht aktualiséiert: 31. Juli 2020 – 04:38 Auer

Temperature falen de Weekend

De Weekend iwwer bleift et am grousse Ganze gesinn zwar waarm, d’Temperature falen awer a Richtung Sonnden. De wäermsten Dag ass de Freiden, och um Samsde gi nach eng Kéier bis ëm 35 Grad areecht. De Sonnde komme mir erëm bei ënner 30 Grad un. Vun der Nuecht op de Samsden un bis an de Samsdenomëtten era besteet e klenge Risk vun Hëtztdonnerwieder.

Freiden, 31. Juli 2020

De Freidemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 18 an 20 Grad a klammen am Virmëtte séier op 25 bis 28 Grad erop. D’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 33 bis 38 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Den Himmel bleift meeschtens kloer, d’Sonn sëtzt um laangen Hiewel. Um Owend bleift et nach meeschtens kloer, ier a Richtung Nuecht ëmmer méi Wolleken eragezu kommen. Dëst läit un enger Konvergenzzon, déi eis aus Frankräich ëmmer méi no kënnt. Dës Konvergenzzon passéiert eis an der zweeter Nuetshallschent, iwwerdeems d’Schauer- an Donnerwiederwarscheinlechkeet kuerz an d’Luucht goe wäert. Et sollt awer gréisstendeels dréche bleiwen. Bei Ausname gitt Dir natierlech informéiert.

Samsden, 01. August 2020

De Samsdemoie läit d’Konvergenzzon méi oder manner genee iwwert eis. Et ass dowéinst meeschtens bedeckt, e lokale Schluet oder och mol e Wieder ka net ganz ausgeschloss ginn. Et sollt awer meeschtens dréche bleiwen, dat bei Temperaturen déi tëscht 19 an 22 Grad leien. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 25 bis 28 Grad erop, et bleift ëmmer nach wollekeg mee meeschtens dréchen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 30 bis 35 Grad areecht, de Wand bléist liicht spierbar aus West- Nordwesten. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Iwwerdeems et iwwer Metteg manner warscheinlech ass, dass et zu engem Schluet komme kann, geet d’Warscheinlechkeet am Nomëtten erëm e bëssen an d’Luucht. Déi eng oder aner lokal Entwécklung ass net onméiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 19 bis 14 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.

Sonnden, 02. August 2020

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op 18 bis 23 Grad erop. D’Sonn weist sech tëscht de Wolleken. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 22 bis 27 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, d’Sonn huet net méi all ze grouss Chancen. Et sollt awer dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et erëm manner wollekeg, d’Temperature ginn op 16 bis 13 Grad zréck.