
De Weekend iwwer trieden d’Nidderschléi just nach zäitweis op, dotëscht ginn et roueg a méi frëndlech Phasen – d’Temperature ginn och liicht zréck. Dat alles ass allerdéngs net fir laang.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Weekend iwwer beaflosst eis mol nach e grousst Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär iwwert dem Nordatlantik läit.

Un dësem hänke nach e puer kleng Déifer mat Kären am skandinavesche Raum, mee awer och iwwer Holland. Vum Sonnden un ginn dës awer ëmmer méi aus eise Géigende verdrängt, aus Westen dréckt héije Loftdrock eran. E Changement weist sech zwar schonn e Sonnden, mee däitlech gëtt et vum Méinden un.
De Verlaf
haut um Freiden ass et mol nach variabel, dobäi kënnt sech d’Sonn awer och zäitweis tëscht de méi décke Wolleke weisen. Et kënnt zu Schaueren an och mol engem Donnerwieder, mee dat just op punktueller Basis – nach laang net jiddereen kritt also eppes dovu mat. Just mat Pech kéint et mol sinn, dass dës Schliet gréisser Reenzommen a kuerzer Zäit bréngen. Spéitstens an der Nuecht op de Samsden hëlt d’Warscheinlechkeet dofir awer of. D’Temperature packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 24 a 27 Grad.
Muer um Samsde sinn et “just” nach 21 bis 24 Grad, eng lokal 25 Grad ass net ausgeschloss. Et zéie Wolleken duerch, tëschenduerch weist sech och mol d’Sonn. Punktuell ass nach eng Schauer dran, déi awer normalerweis schwaach soll ausfalen. Och bis an de fréie Nomëtte vum Sonnden ass dat nach de Fall, ier dann awer den elo just ugeschwaten Héichdrockafloss seng Fanger am Spill huet. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 19 an 23 Grad.
Dëse Réckgang vun den Temperature bleift awer net: Vum Méinden u packe mir et erëm op 25 Grad, vum Dënschden u ginn et erëm Modell-Léisunge fir knapp 30 Grad. Dobäi zéie just e puer Wolleken duerch an et bleift dréchen, de Summer bleift also weiderhi bei eis.