Bléck op de Weekend: Kalfront dréckt d’Temperaturen erof a bréngt Schauer-Chancen

De Weekend iwwer leie mir ënnert enger westlecher Stréimung, déi eis méi kill an och méi fiicht Loftmassen zouspillt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

E Randdéif bréngt eis haut um Donneschde schonn eng Kalfront. Dës bleift awer net déi eenzeg, well schonn e Samsdemoien steet déi nächst Kalfront virun der Dier. Dës ass dann erëm vun engem Déif ausgoend, wat mat sengem Kär knapp nërdlech vun de britteschen Insele läit. Et steet also e méi kille Weekend un, deen eis heiansdo och mol e bësse Reen ka bréngen. Vill ass es awer leider net dobäi.


De Verlaf vun der Loftmassentemperatur iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer e Freide sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, mee et handelt sech dobäi méi ëmt e Sonn-Wollekemix. E ganz groen Dag gëtt et also net, an et sollt gréisstendeels dréche bleiwen. D’Temperature beweege sech an de Fréistonnen tëscht 13 a 16 Grad, am Nomëtte si Maximalwäerter vun tëscht 20 a 24 Grad ze erwaarden – lokal sinn och 25 Grad net onméiglech.

E Samsde sinn däitlech méi Wolleken ënnerwee, woubäi heiansdo och mat Schaueren ze rechnen ass. Vill reene wäert et, wéi gesot, awer net – a besonnesch groussflächeg wäert et och net geschéien. D’Temperature starten bei tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Nomëtten op 17 bis 20 Grad erop – en däitlechen Temperaturréckgang also.

E Sonnden ass d’Reewarscheinlechkeet erëm méi niddereg, Sonn a Wolleke wiessle sech of. D’Temperature leien an de Moiesstonnen tëscht 10 an 13 Grad a packen et am Nomëtten op tëscht 19 an 23 Grad. Eng lokal Schauer ass net onméiglech, mee zimmlech onwarscheinlech.

De weidere Verlaf

Am Laf vun der nächster Woch gerode mir no a no ënnert eng südwestlech Stréimung, duerch déi méi waarm Loftmassen op eis duerkéimen. Vum Mëttwoch un géif dat awer och de Risk fir Donnerwiederlagen mat sech bréngen.