Bléck op de Weekend: Kee nennenswäerte Reen, niwweleg an zäitweis sonneg

Den Iwwerbléck fir de Weekend ass séier gemaach, well et mat eiser Héichdrock-Situatioun riicht virugeet.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wat mir de Moment erliewen ass eng klassesch “blocking pattern”-Wiederlag, bei där en Héichdrockgebitt op onbestëmmt Zäit iwwert der selwechter Géigend hänke bleift. U senger westlecher an ëstlecher Flank dréinen Déifdrockgebitter hir Kreeser, wouduerch d’Héich net vu Plaz kann. Dëst gëtt och nach gär als “Omega-Wiederlag” bezeechent.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Och iwwert de Weekend eraus ass keng Ännerung dovun ze gesinn, deemno wéi kéint et esouguer bis méi wäit an de November eran esou bleiwen. Dëst ass eng typesch Eegeschaft vun esou enger festgefuerener Wiederlag.

De Verlaf

Wat och nach fir eng Héichdrocklag am Hierscht typesch ass, ass de Niwwel: Duerch den ëmmer méi nidderege Sonnestand ka sech de Niwwel däitlech méi laang hale wéi am Summer – deels bleift en eis och de ganzen Dag iwwer erhalen, obwuel d’Wiedermodeller eng reell Chance dogéint berechnen. Dobäi kann een och nach vum sougenannte “Niwwel-Lotto” schwätzen, deen mir hei am Détail thematiséiert hunn.

Muer um Freide stinn d’Chancen, dass sech de Niwwel fréi opléist, net all ze gutt. D’Temperature leien an de Moiesstonne bei 4 bis 7 Grad a packen et am Nomëtten op tëscht 8 a 14 Grad. Léist sech de Niwwel iergendwann op, da kënnt sech d’Sonn heiansdo tëscht enger Partie Wolleke weisen. Um Samschde sinn d’Chancen op sonneg Momenter aus momentaner Siicht gesinn nach e bësse manner gutt, mat Pech zitt sech de Niwwel duerch de ganzen Dag. Dorënner wier dann och mat geréngem Fisemreen ze rechnen, iwwerdeems d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 9 an 13 Grad klammen. Fir e Sonnde rechnen déi meescht Modeller eng besser Chance dofir, dass et schonn méi fréi sonneg gëtt. 8 bis 13 Grad ginn als Dageshéchsttemperatur berechent.