Bléck op de Weekend: Kee Reen, vill Sonn a waarem

Och dëse Weekend geet et virun mam Héichdrockafloss. D’Temperature befanne sech ëmmer nach am iwwerduerchschnëttlech héige Beräich an et wärt sou gutt wéi kee Nidderschlag ginn.

Sonnëg, ze héich Temperaturen

Iwwert de Weekend wärt sech d’Sonn déi meecht Zäit weisen, just an de Moiesstonne kann et lokal mol méi déck Niwwelfelder ginn. D’Temperature wärten dagsiwwer e gutt Stéck iwwert dem Duerchschnëtt leien, an de Nuechte gi se awer bis un de Gefréierpunkt eroof an och drënner.

Freiden, 22. Februar 2019

De Freidemoien ass et liicht wolléckeg bis gro, méi déck Niwwelfelder kënnen och dobäi sinn, wou Fisemreen och net auszeschléissen ass. D’Temperature leien tësche 6 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 7 bis 10 Grad erop, et bleift oft wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte behaale mir eng ganz Partie Wollécken, d’Sonn kritt sech awer och mol duerchgedréckt. Et besteht e minimale Risk vu Schaueren. D’Temperature packen et op e Maximum vun 10 bis 15 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Nordosten, an de Spëtzte ginn 30 km/h ereecht. Um Owend an an der Nuecht op de Samsde gëtt et ëmmer manner wolléckeg, et klärt souguer op. D’Temperature falen op 5 bis 1 Grad.

Samsden, 23. Februar 2019

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, just lokal ass mol mat Niwwelfelder ze rechnen. D’Temperature leien tëschen 2 a 4 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 3 bis 6 Grad erop, de Niwwel verzitt sech. Mëttes an am Nomëtte schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, d’Temperature packen et op e Maximum vu 9 bis 14 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Oste mat Spëtzte vun 30 km/h. Um Owend an an der Nuecht bleift den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature falen op -1 bis lokal -10 Grad. Et kann also platzeweis mol unzéien.

Sonnden, 24. Februar 2019

De Sonndemoien ass et meechtens kloer, d’Temperature leien tësche -12 a -4 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 3 bis 5 Grad erop, et ass schéi sonneg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 14 Grad ereecht, de Wand bléist nëmme schwaach aus Osten. An de Spëtzten ass mat héchstens 30 km/h ze rechnen. Et ass schéi sonneg, et zéie just e puer harmlos Wollécken duerch, wann iwwerhapt. Um Owend an an der Nuecht behaale mir e kloeren Himmel, d’Temperature ginn op -1 bis -7 Grad zréck.