
Kill Loftmassen, Sonndenowend rem Wahrscheinlechkeet vu Flacken
Iwwert de Weekend schëppen Déifdrockgebitter weiderhi kill Loftmassen op Lëtzebuerg. Net nëmmen dat: et bleift dohier och an engems zimmlech gro. Just heiansdo ka sech mat Chance d’Sonn mol weise kommen. D’Nuechte fale kaal bis fraschteg aus, dobäi ginn et nëmme geréng bis plazeweis och guer keng Nidderschléi a Form vu Reen oder Schnéi. Wa mir scho beim Schnéi sinn: aus aktueller Siicht gesinn besteet déi nächst gréisser Wahrscheinlechkeet fir Schnéifall rem an der Nuecht op de Méinden. Mol kucke, wéi sech dat bis dohin entwéckelt.
Video vum 14. November 2019
Freiden, 15. November 2019
De Freidemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad. Buedemfrascht a lokal glat Stroosse si net auszeschléisse, virun allem, well lokal och Niwwel ze erwaarden ass, duerch deen et fiicht ass. Dës Nätzt géint also och mol fréieren. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 2 bis 5 Grad erop, nieft dem Niwwel kënne vereenzelt Nidderschléi wéi z.B Fisemreen oder liichte Reen/Schnéireen optrieden. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südoste mat Spëtzte vun 30 km/h. Et ass ëmmer nach meeschtens wollekeg, allerdéngs sollt et awer gréisstendeels drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -1 Grad zréckl, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Et zéie just vereenzelt Wolleken duerch, Niwwelfelder sinn awer och rem plazeweis dobäi. Duerch Nätzt déi fréiert si glat Stroosse net onméiglech.
Kill Loftmasse bestëmmen de Weekend (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 16. November 2019
De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis gro duerch Niwwel, d’Temperature leien tëscht -2 a 0 Grad. Glat Stroosse kënne plazeweis virkommen. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 2 bis 4 Grad erop. Réischt wa sech de Niwwel opgeléist huet, ass mat méi sonnege Momenter ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte packen et d’Temperaturen op 4 bis 7 Grad, de Wand bléist schwaach aus südleche Richtunge mat Spëtzte vu 25 km/h. Huet sech de Niwwel no Plang verzunn, wiessle sech e puer méi déck Wolleke mat der Sonn of. Wa net, da bleift et wuel de ganzen Dag gro. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -3 Grad zréck, an den Däller eventuell och an d’Géigend vun de -4 Grad. Et ka rem plazeweis glat ginn.
Sonnden, 17. November 2019
De Sonndemoien ass et bedeckt, d’Temperature leien tëscht -3 an 1 Grad. Glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op -1 bis 3 Grad erop, et bleift gro. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 6 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Nordweste mat Spëtzte vu 45 km/h. Lues a lues komme Nidderschléi an d’Land eragezunn, déi nach meeschtens als Reen erofkommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 0 bis -3 Grad zréck. De Modellrechnunge vum Donneschdenowend no soll de Reen op ville Plazen a Schnéireen oder Schnéifall iwwergoe kënnen. Doduerch wier d’Wahrscheinlechkeet vu glate Stroossen däitlech erhéicht. Well et awer nach e bësse bis dohin ass, kann dest nach änneren.