Bléck op de Weekend: Lefteg an immens naass, Modeller schrauwe Reenzomme weider erop

Wéi een et sech scho bal kann denken, sinn d’Aussiichten fir de Weekend net déi bescht. Verschidde Wiedermodeller hunn hir ursprénglech Berechnungen zu de Reenzommen esouguer liicht eropgeschrauft.

Advertisement

D’Grousswiederlag

E groussen Déifdrocksystem, deen knapp westlech vun de britteschen Insele läit, dominéiert de ganze Weekend iwwer iwwert eist Wieder. Sonneg Momenter ginn et just mat ganz vill Chance, meeschtens hunn déck Wolleken an och de Reen d’Iwwerhand. Wéi an engem aneren Artikel ugeschwat, gëtt och de Wand erëm en Thema: An der Nuecht op e Sonnde gëtt et deemno wéi esouguer stiermesch. Méi dozou ënnert dësem Link.


Déi an der Woch ugedeit “Déifdrock-Strooss” weist och de Weekend iwwer weiderhi Wierkung | Animatioun: wxcharts.com

Op alle Fall kann ee schonn mol méi déck Kleedung, de Reemantel an och de Prabbeli prett leeën – wann se da net schonn allen dräi am Asaz sinn.

De Verlaf

Vun de nächsten dräi Deeg gëtt de Freiden esouguer nach den “dréchensten”. Et si vill Wolleken ënnerwee, mat vill Chance weist sech d’Sonn och mol dotëscht. Bis an de Nomëtten eran ass mat Schaueren ze rechnen, ier am spéidere Nomëtten eng ganz kuerz Paus méiglech ass. Dës ass net fir laang, well eis spéitstens vum Owend un weider Schauere wäerten erreechen. D’Temperature si bei engem Maximum vun tëscht 11 an 13 Grad ënnerwee.

De Samsde starte mir schonn direkt mat Schaueren an den Dag eran, zäitweis kann och mol e méi kräftege Schluet mat dobäi sinn. Am Laf vum Nomëtten ass op e Neits eng ganz kuerz méi roueg Phas méiglech, mee dann kënnt schonn de nächste Schwall u Reen aus Frankräich an och der Belsch eragezunn. Déi ganz Nuecht duerch wäert et reenen, dobäi sinn a Richtung fréie Sonndemoien och stiermesch Entwécklunge méiglech. Am Dag erreechen d’Temperaturen e Maximum vun tëscht 11 an 13 Grad.

An dann wiere mir schonn beim Sonnden, un dem et aus aktueller Siicht gesinn ëmmer erëm naass gëtt. D’Temperature si bei engem Maximum vun tëscht 11 a 14 Grad ënnerwee, et gëtt also kee gréisseren Ënnerscheed zu den Deeg virdrun.


D’Reequantitéite bis de Sonnden inclus laut ICON-EU | Grafik: wxcharts.com

Vun de Reequantitéiten hier gesäit den däitsche Modell ICON-EU vun elo un (26.10.2023 16:25) bis de Sonndenowend spéit tëscht 35 a 65 l/m² Reen op eis duerkommen. De Gros dovun wier fir de Westen, dat mannst fir den äusserste Norden an Osten. Den europäesche Modell ass mat tëscht 25 a 45 l/m² ënnerwee, wat zwar e gudden Tick manner mee ëmmer nach zimmlech naass ass. Déi rezent Berechnung vum amerikanesche Modell ass erëm e bësse méi wéi den däitsche Modell ënnerwee a gesäit virun allem laanscht de Westen d’Warscheinlechkeet fir méi wéi 60 l/m².