Bléck op de Weekend: Liicht manner waarm an ëmmer nach zäitweis naass

D’Woch geet mat fir d’Joreszäit héijen Temperaturen op en Enn, mee de Weekend gi se erëm e bëssen erof. Iwwerdeems ginn et och erëm naass Ofschnëtter.

Advertisement

D’Grousswiederlag

E Freide bestëmmt nach en Déifdrockgebitt iwwert eist Wieder, ier am Laf vum Samsde liichten Héichdrockafloss dotëschtfunkt. De Sonnde probéiert dëse sech ze halen, gëtt awer warscheinlech vun engem Déifausleefer gestéiert. Dësen dréckt eis Temperaturen iwweregëns schonn vum Samsden un e bëssen erof, mee kal gëtt et net.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Freidemoie passéiert eis eng Kalfront, déi dann fir de Rescht vum Dag dofir suergt, dass sech ëmmer erëm Schauere kënne forméieren. Virun allem am Nomëtte kënnen duerchaus eenzel Donnerwieder mat dobäi sinn, déi vun der Intensitéit hier awer net mat deenen aus dem Summer gläichzestelle sinn. Staarkreen an en opfrëschende Wand sinn trotzdeem méiglech. D’Temperature packen et op 11 bis 14 Grad.

E Samsden hu mir et virun allem an der éischter Dageshallschent mol nach mat Schaueren ze dinn, duerno gëtt et awer ëmmer méi dréchen a mat Chance gesi mir mol kuerz d’Sonn. D’Temperaturen erreedchen e Maximum vun tëscht 9 an 12 Grad.

E Sonnden zitt e Pak Wolleken duerch, sonneg Momenter sinn éischter rar. Vum Virmëtten bis an den Owend era kënnen e puer schwaach Nidderschléi dobäi sinn – eben déi Stéierung, déi mir virdrun ugeschwat hunn. D’Temperature packen et op 8 bis 11 Grad.