Bléck op de Weekend: Liicht manner waarm, kleng Reewarscheinlechkeet

Héije Loftdrock bestëmmt de Weekend iwwer d’Wieder zu Lëtzebuerg – just heiansdo kann e klengt Déif, wat iwwert dem südlechen Däitschland läit, dotëschtfunken.

Grousswiederlag

Haut um Donneschden ass den Héichdrockafloss staark ausgepräägt – dat klengt Déif, wat mir virdrun ernimmt hunn, huet nach keen Afloss op eist Wieder heiheem. Dëst geschitt eréischt vu muer un an zitt sech méi oder manner iwwert de ganze Weekend, obschonns et awer schonn um Sonnde lues awer sécher ofhuele wäert.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Dëst heescht, dass héije Loftdrock iwwer eist Wieder dominéiere wäert. Wann et heiansdo zu méi décke Wolleken oder och mol zu enger ganz vereenzelter Schauer kënnt, dann ass dat op dat ernimmt klengt Déifdrockgebitt iwwert dem südlechen Däitschland an och Alperaum zréckzeféieren. Sollt genee Dir ënnert eng Schauer oder e kuerzt Wieder geroden, sollt do awer ni vill Nidderschlag dobäi sinn. Groussflächege Reen ass dëst och net.

De Verlaf

Freiden, 29. Abrëll 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 6 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 10 a 15 Grad erop. Et gëtt a klenge Schrëtt méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 an 21 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et gëtt séier méi gro, et sollt awer dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 9 Grad zréck, et bleift bedeckt. Lokal begrenzt ass mol liichte Reen net onméiglech.

Samsden, 30. Abrëll 2022

De Samsdemoien ass et meeschtens bedeckt, et bleift awer gréisstendeels dréchen. D’Temperature leien tëscht 4 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 an 13 Grad erop. Et bleift bedeckt, et besteet eng minimal Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer oder och mol engem Donnerwieder. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 11 a 16 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et gëtt no a no manner wollekeg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 an 8 Grad zréck, et kläert op.

Sonnden, 01. Mee 2022

De Sonndemoie sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, et sollt awer gréisstendeels dréche bleiwen. D’Temperature leien tëscht 4 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 8 an 13 Grad erop. Et bleift onverännert. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 17 Grad ze erwaarden, et zéie vill Wolleken duerch. Trotz dëse ville Wolleke ka sech d’Sonn awer dotëscht weise kommen, iwwerdeems eng minimal Warscheinlechkeet fir eng ganz lokal Schauer besteet. Dëst heescht, dass et op de meeschte Plazen dréche bleift. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 a 7 Grad zréck, et bleiwen ëmmer nach e puer Wolleken iwwereg.