Bléck op de Weekend: Liichte Frascht, Schaueren a plazeweis Schnéiflacken

E Comeback vum Wanter ass et net, an awer gëtt et e gudden Tick méi kal. Plazeweis melle sech d’Flacken zréck.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Mir bleiwen ënnert enger Westwiederlag hänken, wat bedeit, dass mir weiderhin ënner Déifdrockafloss stinn. Dëst schwätzt dofir, dass ëmmer erëm Schaueren optrieden – mee dotëscht sinn och mol eenzel sonneg Momenter dran.


Op der Récksäit vum Stuermdéif vu gëschter gi méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg gefouert | Animatioun: wxcharts.com

Duerch den ëmmer nach existenten Déifdrockkomplex iwwert dem nërdlechen Atlantik ginn zur selwechter Zäit kill Loftmassen op Lëtzebuerg bruecht, duerch déi et eebe liicht méi a Richtung Wanter geet. Dëst ass awer trotzdeem kee nohaltege Wanterabroch.

De Verlaf

An dësem Moment, wou den Artikel geschriwwe gëtt, leien d’Temperaturen tëscht 3 a 7 Grad an der Nordhallschent, laanscht den äusserste Südoste sinn et knapp 9 Grad. E gréissere Kontrast, an awer leien d’Wäerter duerchschnëttlech gesi méi niddereg wéi an de leschten Deeg. Fir de Rescht vum Dag kënnt et ëmmer erëm zu e puer Schaueren, weiderer si fir dës Nuecht virgesinn. D’Temperature ginn op tëscht 0 an 2 Grad zréck, dohier kann et och punktuell mol glat ginn. De Nidderschlag fällt an dësem Fall net méi onbedingt als Reen, mee et kann och Schnéi a Schnéireen drënner sinn. Grouss Quantitéite stinn awer net un.

Muer um Samsden zéien ëmmer nach zäitweis e puer Schaueren duerch, dotëscht ka sech awer d’Sonn weisen. Fir den Owend gëtt mat engem klengen Déif gerechent, wat seng Kalfront op Lëtzebuerg schéckt – un dëser klenger Front kann et besonnesch an der Nordhallschent zu Schnéischauere kommen mat enger klenger Warscheinlechkeet, dass et tatsächlech nach eng Kéier e bësse wäiss gëtt. Am Dag gi Maximaltemperature vun tëscht 4 a 7 Grad erreecht, um Owend an an der Nuecht gi se op tëscht 0 an 2 Grad am Norden zréck – am Süden op 1 bis 3 Grad.

E Sonnden ass et dagsiwwer en Tick méi wollekeg wéi an den Deeg virdrun, liicht Niddehrschléi sinn dran. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 6 a 9 Grad, um Owend an an der Nuecht gëtt et awer séier méi kill. Zumools un der Nordspëtzt kann et op 0 Grad zréckgoen, iwwerdeems et am Rescht vum Land mat 2 bis 5 Grad en Tick méi mëll ass. Doduerch ginn et ëmmer nach Wiedermodeller, déi fir de Sonndenowend besonnesch op de Koppen méi kräfteg Schnéischauere net wëllen ausschléissen – och wann een dat ëmmer nach mat engem kritteschen Aen ka betruechten.