Bléck op de Weekend: Lues a lues méi mëll, gréisstendeels ouni Reen

Héije Loftdrock wäert de Weekend erëm d’Haaptroll iwwerhuelen. Doduerch wäert et an éischter Linn manner oft naass ginn.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 20. November 2020 – 18:52 Auer

Erëm manner oft naass

Um Freide läit nach en Héichdrockgebitt méi oder manner direkt iwwert eis, ier et de Weekend iwwer awer méi wäit südlech wandert. Zur selwechter Zäit hu mir déiwe Loftdrock iwwert dem nërdleche Kontinent, wouduerch déi mi kill Loftmasse verdrängt an duerch bësse méi mëll Loftmassen ersat ginn.

Samsden, 21. November 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht -3 an 2 Grad a lokal kann et glat sinn. Am Virmëtte klammen des wäerter op -1 bis 3 Grad erop, et ass meeschtens méi gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 4 bis 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Südweste mat Spëtzte vun 30 km/h. Wa sech de Niwwel opléist kënnt sech d’Sonn weisen. Wa net, da kann et sinn, dass et deemno wéi bis an den Owend era gro bleift. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 1 bis -3 Grad zréck, et si weiderhi Niwwelfelder méiglech an och glat Stroosse kënnen duerch Nätzt déi fréiert net ausgeschloss ginn.


De Verlaf vun de Loftmassen de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

Sonnden, 22. November 2020

De Sonndemoien ass et gréisstendeels gro, d’Temperature leien tëscht -2 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 7 Grad erop. Et soll gréisstendeels gro bleiwen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 9 Grad areecht, de Wand ass nëmme schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten ënnerwee. An de Spëtzte packt en et op 30 km/h, et zéien ëmmer méi kompakt Wolleken op. D’Sonn huet keng gutt Chancen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 4 Grad zréck, et ass mat liichtem Fisemreen ze rechnen. /p>