Bléck op de Weekend: Manner Nidderschlag a méi kal, lokal och mol Flacke méiglech

Fir de Weekend kënnegt sech, wéi gesot, e Changement un. Et geet méi a Richtung Wanter, deemno wéi kënnt et plazeweis och zu e puer eenzelne Flacken.

D’Grousswiederlag

De Moment leie mir nach ënnert enger typescher Westwiederlag, wat sech awer elo geschwënn ännert. Muer um Freide läit mol nach e klengt Déif iwwert dem Nordweste vun Däitschland, mee dat wäert net méi all ze laang do leie bleiwen. Vu Westen hier baut sech en Héichdrockgebitt iwwert dem ëstlechen Atlantik op, och de skandinavesche Raum geréit ënner héije Loftdrock.


De viraussiichtleche Verlaf bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

Duerch d’Stréimungsrichtung bei Héichdrockgebitter, nämlech mat der Auer, gëtt dat bestoend Déif iwwer Nordwestdäitschland a Richtung Südweste gelenkt, also op Lëtzebuerg. Bis an de fréie Sonnden era kann et doduerch mol nach zu eenzelne, meeschtens schwaache Nidderschléi kommen. Duerch déi niddereg Temperaturen ass virun allem op de Koppen och déi eng oder aner Flack mat dobäi.

De Verlaf

Mee elo mol der Rei no. Muer um Freide starte mir mat ville Wolleken, ofgesi vu geréngfügegem Nidderschlag sollt et net grouss relevant naass ginn. D’Temperature si bei 4 bis lokal 6 Grad ënnerwee an erreechen am Nomëtten e Maximum vun tëscht 5 a 7 Grad. D’Warscheinlechkeet vu Wollekelächer gëtt méi grouss, an domat och d’Chance op e puer eenzel sonneg Momenter. Et bleift meeschtens dréchen. An der Nuecht op e Samsde kënnen eis récksäiteg vum virdru genannten Déifdrockgebitt erëm ganz liicht Nidderschléi erwaarden, déi duerch Temperature vun tëscht -1 an 2 Grad och mol als eenzel Flacke kënnen erofkommen.

E Samsde geet et liicht fraschteg an den Dag eran, et ass meeschtens dréif an déi ugeschwat liicht Nidderschléi si weiderhi méiglech. Am Nomëtte gëtt e Maximum vu just nach 0 bis 3 Grad erreecht, plazeweis handelt et sech also net nëmmen ëm Gefisems mee Schnéi-Gegrimmels. Wann et dem europäesche Modell nogeet, da wieren plazeweis och richteg Schnéischaueren dran. Och an der Nuecht op e Sonnde bleift et net ganz dréchen, mee d’Zomme si net mat deenen aus de leschten Deeg ze vergläichen.

E Sonnde starte mir bei knapp -2 an 2 Grad, bis an de Virmëtten era si mol nach Nidderschléi a verschiddene Forme méiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 1 an 3 Grad dran, wa sech den Héichniwwel net opléist bleift et gro. Wann awer, gëtt et méi frëndlech. An der Nuecht op e Méinden ass méi staarke Frascht méiglech, dozou awer an engem aneren Artikel méi.