Bléck op de Weekend: Manner waarm, mee ëmmer nach summerlech

De Weekend iwwer leie mir ëmmer nach am Aflossberäich vu summerleche bis héichsummerleche Loftmassen. Et gëtt awer net méi grad esou waarm wéi an de leschten Deeg.

Duerch héije Loftdrock iwwert dem europäesche Kontinent an déiwe Loftdrock westlech vu Frankräich um Atlantik gi weiderhi waarm Loftmassen an eis Géigenden transportéiert. Zäitweis sinn dës awer och méi fiicht, wat zu vereenzelte Schaueren an och Wiedere féiere kann.

Freiden, 14. August 2020

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg, liicht Nidderschléi kënne net ausgeschloss ginn. D’Temperature leien tëscht 17 an 20 Grad a klammen am Virmëtten op 21 bis 24 Grad erop. Et bleift wollekeg, niewebäi ka sech d’Sonn awer och mol weisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 25 bis 27 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzte gi 35 km/h areecht. Et besteet eng kleng Warscheinlechkeet vu Schaueren a Wiederen. Falls dës méi kräfteg ausfalen, da réckt haaptsächlech potenzielle Staarkreen an de Fokus. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 15 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.

D’Loftmasseverdeelung bis de Sonnden (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 15. August 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 16 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op 20 bis 24 Grad erop. Et gëtt e bësse méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 24 bis 29 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Westen. An de Spëtzte ginn 20 km/h areecht. Et zéien e puer Wolleken duerch, et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet – et sollt awer trotzdeem meeschtens dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 19 bis 15 Grad zréck, den Himmel kläert gréisstendeels op.

Sonnden, 16. August 2020

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 17 a 19 Grad a klammen am Virmëtten op 23 bis 25 Grad erop. D’Sonn kënnt sech weisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 27 bis 32 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West- Nordwesten. Sonn a Wolleke wiessle sech of. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 19 bis 16 Grad zréck, aus Frankräich kënne Schaueren a Wiederen opgezu kommen. D’Temperature ginn op 19 bis 15 Grad zréck.