An der kommender Nuecht ginn d’Temperaturen deels déif an de Minus zréck, e Sonnde ginn awer schonn erëm méi wéi 10°C erreecht.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Nach leie mir ënnert dem Afloss vu polare Loftmassen, déi eis bis e Samschde nach méi oder manner wanterlecht Wieder bréngen. E Sonnde maache mir awer e rasanten Temperatursprong no uewen, well mir op déi viicht Säit (Vorderseite) vun engem markante Stuermdéif geroden, wat mat sengem Kär knapp westlech vun de britteschen Inselen läit.
Domat ginn däitlech méi mëll Loftmassen aus den Déifte vu Südwesteuropa op Lëtzebuerg transportéiert, déi de restleche Schnéi op de Koppen och wäert ewechschmëlzen.
De Verlaf
Muer um Freide si vill Wolleken ënnerwee, heiansdo ka sech d’Sonn mat Chance dotëscht weise kommen. Ënnert der fiichter a westlecher Stréimung kënnen awer och erëm vereenzelt Schnéischaueren optrieden, déi, Stand aktuell, net all ze vill u Quantitéite géif bréngen. Glat Stroossen an eng kleng Unzockerung sinn awer trotzdeem net ausgeschloss. D’Temperature packen et am Dag op tëscht 0 bis 2 Grad, punktuell si mir am Norden also erëm bal am Beräich vum Dauerfrascht. E Samschden ass et meeschtens bedeckt, d’Chancen op sonneg Momenter si manner grouss. Trotz de ville Wolleken ass et gréisstendeels dréchen, d’Temperaturen erreechen 1 bis 4 Grad.
E Sonnden maache mir en uerdentleche Sprong no uewen, an dat a Saachen Temperaturen: Stand aktuell wäerten Héchstwäerter vun tëscht 9 a 14 Grad erreecht ginn, wat eng uerdentlech Hausnummer ass. Iwwerdeems wiessele sech kompakt Wolleken a Sonn of, et bleift gréisstendeels dréchen. Wéi och schonn un den Deeg virdru bléist de Wand zäitweis stramm bis bal stiermesch.