Bléck op de Weekend: Maximaltemperature vu just nach 15 Grad

Den Hierscht ass definitiv ukomm. Eng Optioun op Spéitsummer gëtt et de Moment net.

Zäit fir den décke Pullover & Jacketten

De Weekend iwwer läit en Héichdrockgebitt am Beräich vun de britteschen Inselen an en Déifdrockgebitt ëstlech vu Skandinavien. Doduerch gi kill Loftmassen aus dem héije Norden an eis Géigenden transportéiert – heescht also, dass mir et mat engem weideren Temperaturréckgang ze di kréien.


De Weekend steet den éischten Abroch vu kale Loftmassen un | Grafik: wxcharts.com

Schonn muer um Freide klammen eis Temperature just nach op e Maximum vun tëscht 11 a 15 Grad, laanscht d’Musel ass fläit och mol nach eng Kéier eng 16 méiglech. De Samsde sinn et just nach 10 bis 13 Grad an der Nordhallschent, a Richtung Süde gëtt e Maximum vu 15 Grad erreecht. De Sonnden ännert sech net vill: mir lande bei 11 bis 13 Grad am Norden an 12 bis 15 Grad am Süden.

D’Wieder dozou ass och net dat allerbescht. Ëmmer erëm zéie méi déck Wollekefelder duerch, déi zäitweis och fir Nidderschléi suergen. E Freide kann et am Nomëtte mol zu Schauere kommen, de Samsden och mol iwwert den Dag verdeelt. Méi groussflächege Reen kéint sech dann vum Sonndevirmëtten u bei eis breetmaachen, ier et fir den Owend an d’Nuecht op de Méinden erëm méi dréche gëtt.