Bléck op de Weekend: Meeschtens gro a naass duerch d’Chrëschtdeeg

Den Héichdrockafloss aus de leschten Deeg verzitt sech a Richtung Osteuropa, iwwerdeems aus Südwesten a Westen déiwe Loftdrock erandréckt. Et gëtt e groen a fiichte Weekend.

Grousswiederlag

D’Deeg mam héije Loftdrock si gezielt; dëse verzitt sech elo nämlech a Richtung Osteuropa. Aus Westen a Südweste kënnt eis déiwe Loftdrock méi no, iwwerdeems sech iwwert der Nordséi neien Héichdrock a Richtung Däitschland breet mécht. Et entsteet eng Loftmassegrenz, déi virun allem iwwer Deeler vu Norddäitschland an och der Mëtt vun Däitschland verleeft. D’Konsequenz: wanterlech Nidderschléi a Form vu Schnéireen a Schnéifall, pénktlech fir d’Chrëschtdeeg. D’Loftmassegrenz verleeft awer ze wäit nërdlech fir dass mir zu Lëtzebuerg och Wand dovu kréien.


D’Wiedergeschéien iwwert de Chrëschtweekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 24. Dezember 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, et ass mat Niwwelfelder a Fisemreen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift gro a fiicht. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Südweste mat Spëtzte vun 30 km/h. Duerch Niwwel an déck Wolleke bleift et naass a fiicht. Um Owend ana n der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 4 a 6 Grad an. Et bleift ëmmer nach naass.

Samsden, 25. Dezember 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtte net all ze wäit. Et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte packen et d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 5 an 8 Grad, de Wand bléist schwaach aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, mee et gëtt méi dréchen. Niwwelfelder si weiderhi méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, also keen all ze groussen Ënnerscheed. Et bleift fiicht duerch Fisemreen a Niwwel.

Sonnden, 26. Dezember 2021

De Sonndemoie bleift et staark bedeckt an et reent, och Niwwelfelder sinn dobäi. D’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad a bleiwen och am Virmëtten um selwechte Niveau. Et bleift staark bedeckt, dobäi muss ëmmer erëm mat Reen gerechent ginn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 a 9 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift zwar bedeckt, mee et gëtt manner oft naass. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 5 an 8 Grad an, de Niwwel bleift zwar vereenzelt mee et gëtt net méi esou naass wéi an de Stonnen an Deeg virdrun.

Och an den Deeg drop bleift et gro zu Lëtzebuerg. Et setzt ëmmer erëm Fisemreen a Reen an, dat mat Ënnerstëtzung vu Niwwel an engem zäitbar spierbare Wand. Frascht ass keen ze erwaarden.