Bléck op de Weekend: Meeschtens Sonn- Wollekemix bei agréablen Temperaturen

Iwwerdeems mir an der Woch ënner stabilem Héichdrockafloss stounge, sinn de Weekend minimal Stéierunge net onméiglech.

Méi wollekeg, mee weiderhi waarm

De Weekend kann tëschenduerch mol liichten Déifdrockafloss dotëschtfunken, wouduerch et e bësse méi wollekeg gëtt. Bei engem Sonn- Wollekemix bleift et trotz minimalem Schauerrisk meeschtens drëchen. Um Méinden ass, op mannst aus aktueller Siicht gesinn, d’Wahrscheinlechkeet vu Schauere scho rem bësse méi héich – der Natur géif et gutt doe, well et op ville Plazen dëse Mount nach guer net gereent huet.

Freide, 24. Abrëll 2020

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 16 bis 19 Grad erop. Et bleift frëndlech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 20 bis 25 Grad erwaart, de Wand bléist an de Spëtzten zäitweis bësse spierbar mat 40 km/h aus Nordwesten. Et zéien allerhéchstens e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 6 Grad zréck, et si kaum Wolleken ënnerwee.

Den Oflaf vum Weekend vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Samsde, 25. Abrëll 2020

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 12 bis 16 Grad erop, et zéie weiderhin e puer harmlos Wolleken duerch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 17 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzte packt en et op 25 km/h. D’Sonn huet den Himmel meeschtens fir sech alleng. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 6 Grad zréck, et si kaum Wolleken ënnerwee.

Sonnde, 26. Abrëll 2020

De Sonndemoien ass et meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 13 bis 16 Grad erop, et ass ëmmer nach frëndlech. Mëttes an am Nomëtte soll dat och sou bleiwen, dat bei Maximaltemperature vu 19 bis 25 Grad. De Wand ass schwaach aus nërdleche Richtungen ënnerwee a packt et an de Spëtzten op 20 km/h. Um Owend an an der Nuecht bleift den Himmel meeschtens kloer, réischt a Richtung Méindemoie gëtt et aus Westen ëmmer méi wollekeg. D’Temperature falen op 11 bis 8 Grad zréck.