Bléck op de Weekend: Méi mëll a mat Chance och mol sonneg Momenter

De Weekend leie mir zwar ëmmer nach ënner Héichdrockafloss, allerdéngs kann et duerch Niwwel, Héichniwwel an héich Wolleken heiansdo trotzdem méi eng laang Zäit gro sinn.

Den Héichdrock dominéiert weider iwwert de Weekend, allerdéngs wäert et an de Nuechte net méi sou oft fréieren.

Freiden, 03. Januar 2020

De Freidemoien ass et staark bedeckt a niwwleg, d’Temperature leien tëscht 4 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 7 Grad erop. Aus westleche Richtunge komme no a no liicht Nidderschléi eragezunn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 6 bis 10 Grad areecht, de Wand bléist spierbar bis zäitweis méisseg aus Südwesten. An de Spëtzte kënne 50 km/h areecht ginn. Et bleift gro a naass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 2 Grad zréck, et gëtt no a no manner gro an och méi drëchen.

Kuerz Ënnerbriechung um Freiden, ier d’Héich zréckkënnt (GFS / wxcharts.com)

Samsden, 04. Januar 2019

De Samsdemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, Niwwelfelder kënnen awer mol dobäi sinn. D’Temperature leein tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op 3 bis 5 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 6 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Westen a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Nodeems et nach méi oft sonneg war, gëtt et ëmmer méi gro – et bleift awer drëchen. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 3 a 5 Grad an, dobäi ass et oft bedeckt a niwwleg.

Sonnden, 05. Januar 2019

De Sonndemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 4 bis 6 Grad erop, et gëtt méi sonneg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Süd- Südwesten. An de Spëtzte packt en et op 20 km/h. Et zéien e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -1 Grad zréck, et kläert gréisstendeels op.