Bléck op de Weekend: Méi naass a lëfteg, mee och méi mëll

De Weekend gerode mir rem ënner Déifdrockafloss. Et ass also rem däitlech méi oft gro, de Reen gëtt rem en Thema an de Wand wäert mol rem ze spiere sinn. Trotz allem gëtt et awer e Stéckche méi mëll.

Roueg Héichdrockphase geet op en Enn

De Weekend kënnt däitlech méi Beweegung an d’Wiederkichen. D’Haaptroll huet dobäi e grousst Déifdrockgebitt, wat e puer Randdéifer an eis Richtunge lenkt. Doduerch gëtt et méi gro, méi naass an och méi lëfteg. Allerdéngs gerode mir dobäi an eng südwestlech Stréimung, wouduerch och rem méi mëll Loftmassen an eis Géigende gedroe ginn.

Freiden, 01. November 2019

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg a lues a lues gëtt et och méi naass, d’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 4 bis 8 Grad erop, Schauere maache sech breet. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Süd- Südweste mat Spëtzte vu 40 km/h. Et bleift gro a naass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 11 Grad zréck, et reent weider.

Video vum 31. Oktober 2019

Samsden, 02. November 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 11 a 15 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift gro a naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 12 bis 15 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Südwesten, eventuell och mol lokal méi staark mat 40 bis 60 km/h an de Spëtzten. Et si vill Wolleken ënnerwee, et ginn awer tëscht de Schauere gréisser Pausen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 7 Grad zréck, et gëtt lues a lues méi drëchen.

Sonnden, 03. November 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 8 bis 11 Grad erop, et ka mol nach zu Schauere kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 10 bis 13 Grad areecht, et reent net méi grad sou oft a mat Chance kënnt sech d’Sonn tëschenduerch weisen. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten, dat mat 50 km/h an de Spëtzten. Um Owend an an der Nuecht gëtt et no a no rem méi bedeckt an och méi naass, d’Temperature ginn op 9 bis 6 Grad zréck.