Bléck op de Weekend: Méi Sonn a méi mëll

Nodeems de vergaangenen Dënschde lokal den éichte Schnéi eroofkomm ass, ass et scho rem e bësse méi mëll ginn. Och an de nächsten Deeg, also iwwert de Weekend, wärt daat unhaalen.

Nach bësse méi waarem, sonnëg Momenter huelen zou

Wéi ugekënnëgt, huet et sech bei de puer Flacken ufanks der Woch just ëmt eng kuerz Phase gehandelt. E richtëge Wanterabroch mat enger bestännëger Schnéicouche ass bis op weideres net op de Wiederkaarten ze erkennen, nach.

De Freidemoien ass et meechtens wolléckeg, dobäi kann et dann och zu der enger oder anerer Schauer kommen. D’Temperature leien zwësche 5 an 8 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 6 bis 9 Grad erop an et bleift meechtens gro bei liichtem Reen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 10 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach aus Nord-Nordweste mat 20 km/h an de Spëtzten. D’Situatioun ännert sech net vill, et bleift meechtens gro bei méiglege Schaueren. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis -2 Grad zréck, et klärt op. Lokal si rem Niwwelfelder dobäi. Duerch Nässt déi fréiert kann et glaat ginn.

Samsden, 03. November 2018

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, lokal ass Niwwel dobäi. D’Temperature leien zwësche -2 an 3 Grad, glaat Stroosse sinn ze erwaarden. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 4 bis 7 Grad erop, de Niwwel misst sech ëmmer méi opléisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 9 bis 12 Grad ereecht, de Wand bléist schwaach aus Osten. An de Spëtzte packt en et op 25 km/h. Et ass déi meecht Zäit sonnëg, et zéie just e puer harmlos Wollécken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 5 bis 1 Grad zréck an et klärt op.

Sonndën, 04. November 2018

De Sonndëmoien ass et kloer bis gro duerch eenzel Niwwelfelder, d’Temperature leien zwëschen 3 a 5 Grad. Am Virmëtte klammen dës Werter op 6 bis 9 Grad erop, et gëtt no a no manner niwwlëg. Mëttes an am Nomëtte kënnt sech d’Sonn rem méi oft weisen, daat bei wéinege Wollécken an Temperature vun 11 bis 15 Grad. De Wand bléist schwaach aus Süd-Südost a packt et op 25 km/h an de Spëtzten. Um Owend an an der Nuecht klärt et bei 8 bis 4 Grad rem op.