Bléck op de Weekend: Mir bleiwe gréisstendeels ënner Héichdrockafloss

De Weekend iwwer kann et zwar heiansdo zu engem méi groe Moment kommen, wat awer keen Dauerzoustand ass. Mir leien ëmmer nach gréisstendeels ënner Héichdrockafloss.

D’Grousswiederlag

Wéi am Ufank vun der Woch betount, hu mir et net nëmmen elo de Weekend mee schonn zanter dem Méinden mat héijem Loftdrock ze dinn, woubäi et awer och heiansdo zu Stéierunge komme kann. Eng vun dëse Stéierungen huet eis an der leschter Nuecht passéiert. Et ass keng Kalfront duerchgezunn, déi nieft e bësse Wand och geréngfügege Nidderschlag mat séch bruecht huet. Nennenswäertes ass dobäi awer net erofkomm. Déi nächst änlech Stéierung kann eis dann um fréie Samsdemoien ustoen, ier och dës sech erëm séier verzitt. Se sinn also net grouss der Ried wäert, meeschtens gi mir vun héijem Loftdrock beaflosst.


D’Grousswiederlag de Weekend iwwer | Grafik: wxcharts.com

Dësen Héichdrock, ausgoend vum Atlantik, soll eis mol nach bis de Sonnden inclus erhale bleiwen. Vum Ufank vun der nächster Woch un soll et dann Dag fir Dag méi schwéier ginn, den Territoire ze verteidegen – aus Westen dréckt déiwe Loftdrock eran.

De Verlaf

Wa mir eis déi eenzel Deeg dann mol esou ukucken, dann erwaart eis de Freiden e Mix aus Sonn a Wolleken. Dës Wolleke kënne vun Zäitpunkt zu Zäitpunkt och mol bësse méi kompakt ausfalen – dat alles awer eréischt, soubal sech de Niwwel aus de fréie Moiesstonnen opgeléist huet. Reene soll et net, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 14 a 19 Grad.

De Samsde starte mir erëm mat ville Wolleken an den Dag eran. A wéi am Ufank vum Artikel ugeschwat, hu mir et do och mat enger Stéierung ze dinn, déi sech duerch e Pak Wolleken mee och der Warscheinlechkeet vun eenzelne schwaache Nidderschléi bemierkbar mécht. Dagsiwwer gëtt en Temperaturmaximum vun tëscht 12 a 16 Grad erreecht.

De Sonnde schéngt dann erëm en Tick méi frëndlech ze ginn: soubal de Niwwel fort ass, kënnt et zu engem Mix aus Sonn a Wolleken, bei dem d’Wolleken ëmmer manner déck ginn. 15 bis 18 Grad stinn un.