Bléck op de Weekend: Mir krazen erëm un den 20 Grad

En Héichdrockgebitt, wat um Donneschde mat sengem Kär nach iwwert de britteschen Insele läit, verlagert sech a Richtung Weekend ëmmer méi wäit a Richtung Lëtzebuerg.

Fir d’lescht aktualiséiert: 23. Abrëll 2021 – 03:36 Auer

D’Grousswiederlag

Nodeems mir an de leschten Deeg nëmmen deelweis ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock stoungen an ëmmer erëm vu liichtem Déifdrockafloss gestéiert goufen, stellt sech de Weekend iwwer méi stabilt Héichdrockwieder bei eis zu Lëtzebuerg an. Dëst Héich erstreckt sech vun de britteschen Inselen eriwwer bis eriwwer a Skandinavien, d’Mëtt vu Frankräich, Däitschland, Polen, Tschechien a schéngt esouguer eng Bréck bis erof an de Süde vun Italien ze forméieren. Ënnerstëtzt gëtt dat ganzt vun déiwem Loftdrock iwwert dem Atlantik virun der Küst vu Portugal an engem weideren Déif iwwert den héije Nordoste vum europäesche Kontinent.


D’Grousswiederlag fir de Sonnden (GFS) | Grafik: wxcharts.com

Fir Lëtzebuerg bedeit dëst, dass et méi frëndlech gëtt. Soubal de Niwwel verschwonn ass, gëtt et sonneg an et bleift gréisstendeels dréchen. An de Nuechte kann et ufanks nach lokal zu liichtem Frascht kommen, ier d’Temperaturen dagsiwwer erëm un den 20 Grad krazen.

Freiden, 23. Abrëll 2021

De Freidemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 10 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte sinn e puer kleng Wolleken ënnerwee, meeschtens ass et sonneg. D’Temperature klammen op ee Maximum vun 11 bis 17 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzte sinn 30 km/h ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 3 Grad zréck, den Himmel ass kloer.

Samsden, 24. Abrëll 2021

De Samsdemoien ass den Himmel kloer, et zéien eenzel Niwwelfelder duerch. D’Temperature leien tëscht 2 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 7 bis 10 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 11 bis 18 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 a 4 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.

Sonnden, 25. Abrëll 2021

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, et zéien eenzel Niwwelfelder duerch. D’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op 7 bis 11 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass kritt sech d’Sonn duerchgesat. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 11 a 16 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 an 3 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.