Bléck op de Weekend: Mir stinn haaptsächlech ënner Héichdrockafloss

De Weekend steet virun der Dier. Mir wäerte gréisstendeels ënner Héichdrockafloss leien, och wann e Sonndenowend erëm e méi séieren Ëmschwong méiglech ass.

D’Grousswiederlag

Muer um Freiden hëlt vu Nordwesten un den Héichdrockafloss no a no zou a soll sech bis an de Sonnden eran bei eis duerchsetzen. Duerno kënnt vum Atlantik hier en Déifdrockgebitt an d’Spill, wat eenzelne Modeller no esouguer eng Schnéifront kéint op Lëtzebuerg drécken. Et kann een also gespaant sinn, wéi et sech entwéckelt.


D’Grousswiederlag de Weekend iwwer, Héichdrock dominéiert | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Wat d’Nuecht op de Freiden ugeet, ginn et gewëss Onsécherheeten a Punkto Schnéihéichten – dëst hate mir awer schonn an engem aneren Artikel thematiséiert. E Freide selwer geet et meeschtens dréif bis wollekeg virun, och méi déck Niwwelfelder si mol nach mat dobäi. D’Temperature packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht -1 an 2 Grad, dobäi sollt et net zu Nidderschléi kommen. An der Nuecht op e Samsde geet et op tëscht -4 a -8 Grad zréck.

E Samsde leie mir méi staark ënner Héichdrockafloss. Wann de Niwwel et gutt mat eis mengt, da ka sech dotëscht och mol méi laang d’Sonn weise kommen, iwwerdeems just e puer eenzel Wolleken duerchzéien. Virun allem den amerikanesche Wiedermodell ass der Meenung, dass d’Sonn däitlech besser Chancen kritt wéi an de leschten Deeg. D’Temperaturen erreeche viraussiichtlech e Maximum vun tëscht -2 a 0 Grad a ginn an der Nuecht op e Sonnden op tëscht -4 a -2 Grad zréck.

E Sonnden fänkt et un minimal méi mëll ze ginn – mee esou, dass een et nach net esou staark spiert. Am Dag si Maximalwäerter vun tëscht 0 an 2 Grad dobäi, et gëtt no a no méi wollekeg. Mir geroden ënnert den Afloss vum ugeschwaten Déif, wat sech aus Westen hier op eis duerbeweegt. Geet et dem amerikanesche Modell no, dann erwaart eis vum Owend un bis an d’Nuecht eran e Schnéigebitt. Déi meescht aner Modeller gesinn dat net esou a sinn der Meenung, mir kriiten et einfach mat engem dréiwe Schluss vum Dag ze dinn. Bis e Méindemoie ginn d’Wäerter op tëscht -6 a -4 Grad zréck.