Bléck op de Weekend: Mix aus Sonn, Wolleken a Niwwel

De Weekend leie mir gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. Trotzdeem sinn zäitweis méi gro Momenter ze erwaarden.

Grousswiederlag

Um Freidemoien zitt e klengt Randdéif iwwert de Norde vun Däitschland ewech, ier dëst awer verschwënnt a sech héije Loftdrock iwwert dem Gros vu Mëtteleuropa duerchsetzt. Dat heescht, dass de Weekend iwwer quasi keng bis nëmme geréng Nidderschlagsquantitéiten ze erwaarde sinn. Déi gréisst Warscheinlechkeet fir Reen besteet um Sonndenowend, do kënnt eis en Déif iwwer d’Nordséi méi no.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 11. Februar 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt, och Niwwelfelder kënne mat dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 1 an 3 Grad erop. Et ännert sech net all ze vill, op de Koppe kann et duerch d’Fismen och mol zu eenzelne Flacke kommen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 3 a 7 Grad ze erwaarden, et ass weiderhin oft gro. Just mat Chance kënnt sech d’Sonn mol dotëscht weisen. Et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -5 a -2 Grad zréck, et si net vill Wolleken ënnerwee. Just lokal si Niwwelfelder dobäi, glat Stroosse si méiglech.

Samsden, 12. Februar 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 0 an 2 Grad erop. Et gëtt weiderhi keng Ännerung, soubal sech de Niwwel opléist ka sech d’Sonn weise kommen. Mëttes an am Nomëtte setzt sech e Sonn- Wollekemix duerch, wa sech de Niwwel opléist. D’Temperature packen et op 4 bis 7 Grad, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -2 an 2 Grad zréck, den Himmel kläert op.

Sonnden, 13. Februar 2022

Fir de Sonnde besti nach gréisser Modellonsécherheeten. Den amerikanesche Wiedermodell rechent am Laf vum Dag mat stiermeschem Wand, den europäeschen ECMWF gesäit dësen awer eréischt fir de Méinden op eis duerkommen. Geet et den aktuelle Modellrechnunge no, ass et um Sonndemoie liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 0 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 3 a 6 Grad erop. Et gëtt séier méi wollekeg, et bleift awer nach gréisstendeels dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 60 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 6 an 8 Grad an, et bleift weiderhi lefteg. Vum Owend un ass mat Reen ze rechnen.