Bléck op de Weekend: Mix aus Wolleken, Schaueren an eenzelne sonnege Momenter

D’Westwiederlag, ënnert där mir de Moment stinn, setzt sech de Weekend iwwer fort. Nieft e puer eenzelne sonnege Momenter hunn d’Wolleke meeschtens d’Iwwerhand, dobäi gëtt et tëschenduerch naass. Et bleift iwwerduerchschnëttlech mëll.

fir d’lescht aktualiséiert: 23. Oktober 2020 – 02:00 Auer

Déiwe Loftdrock bestëmmt zu engem groussen Deel eist Wieder de Weekend. D’Temperature bleiwen ëmmer nach an engem fir d’Joreszäit ze waarme Beräich, haaptsächlech de Sonnden erwaart eis nach eng Kéier e klenge Peak. Grond dofir ass e grousst Déif iwwert dem Nordatlantik, wouduerch alt erëm méi mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an eis Richtunge gedroe ginn.

Freiden, 23. Oktober 2020

De Freidemoien ass den Himmel staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 11 a 15 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et gëtt lues a lues méi dréchen. Mëttes an am Nomëtte sinn Dageshéchsttemperature vun 13 bis 16 Grad ze erwaarden, dobäi bléist e liicht spierbare Wand aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift weiderhi wollekeg, et kënnen erëm eenzel Schaueren optrieden. Just mat Chance kënnt sech d’Sonn tëschenduerch weisen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 9 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Et wäert Plaze ginn, wou et och ganz opkläert.


De Verlaf vun de Loftmassen bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 24. Oktober 2020

De Samsdemoie wier et normalerweis kloer, mee wéi d’Modeller et gesi kéinte sech méi déck Niwwelfelder forméieren. D’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad a bleiwen och am Virmëtten am selwechte Beräich. Et bleift gréisstendeels gro. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun 12 bis 15 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis méi spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Soubal de Niwwel fort ass areechen eis méi déck Wolleken aus Westen, dotëscht kann et mat vill Chance awer zu ganz kuerze sonnege Momenter kommen. D’Schauerwarscheinlechkeet ass nëmme kleng, et misst also gréisstendeels dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperatuen op 12 bis 9 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Op ville Plaze kläert et op.

Sonnden, 25. Oktober 2020

De Sonndemoien hu mir et mat engem kloren Himmel ze dinn, just an e puer Däller kann et erëm zu Niwwelfelder kommen. D’Temperature leien tëscht 9 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 13 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass mecht sech d’Sonn breet, et zéien héchstens e puer eenzel an harmlos Wolleken duerch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 13 bis 18 Grad areecht, de Wand ass an der Moyenne éischter schwaach ënnerwee. An de Spëtzte kënne just heiansdo mol ëm 40 km/h aus Südweste gemooss ginn. Réischt vum spéidere Nomëtten u gëtt et méi wollekeg, de Reen sollt nach e bësse brauche bis en do ass. Um Owend an an der Nuecht kënnt eis aus Westen eng Kalfront méi no, déi eis groussflächege Reen bréngt. D’Temperature ginn op 11 bis 7 Grad zréck.