Bléck op de Weekend: Mol nach weiderhin dréif a sabbeleg

De Weekend iwwer dréckt weiderhin héije Loftdrock widdert déiwe Loftdrock, an dat esou zimmlech iwwert eise Käpp. Dat heescht, dass eis de Reen weiderhi net verléisst.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag iwwert de Weekend

Gréisser Loftdrockgéigesätz beschäftegen eis och nach de Weekend iwwer. Et kann zwar zäitweis méi roueg ginn, mee de Reen verschwënnt net ganz. Och de Wand bleift spierbar bis stramm ënnerwee.


De Verlaf vun der Grousswiederlag de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

All dat erméiglecht d’Konstellatioun aus engem kräftegen Héich iwwer Spuenien a Portugal iwwerdeems ëmmer nach e gréisseren Déifdrockkomplex iwwer Skandinavien läit.

De Verlaf

Haut um Freide bleift et gro, dobäi ass ëmmer erëm mat Schaueren ze rechnen. De Wand packt et an de Spëtzten op tëscht 60 a 75 km/h a beweegt sech domat gréisstendeels ënnert de vu Météo Boulaide definéierte Warnschwellen. Den Thermometer klëmmt net op iwwer 5 bis 9 Grad eraus.

E Samsden zéie weiderhi vill Wolleken duerch, dobäi ass mat liichte Nidderschléi ze rechnen. D’Temperature klammen op tëscht 7 a 9 Grad, de Wand blésit ëmmer nach stramm aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 60 km/h ënnerwee.

E Sonnden erwaart eis keng gréisser Ännerung. Et ass déi meescht Zäit dréif duerch déck Wolleken, et ass ëmmer erëm mat Schaueren ze rechnen. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 6 an 8 Grad, iwwerdeems de Wand an der Moyenne mat 30 km/h bléist mee zäitweis Spëtzte vu 60 km/h kann erreechen.