Bléck op de Weekend: Naass, mee ëmmer manner Wand

Bis de Weekend mat erwaarden eis nach vill Wollécken, eng gutt Portioun Reen a nach zäitweis stiermesche Wand. An der nächster Woch soll et rem besser ginn.

Lokal bis em 40 l/m² Reen bis de Sonndenowend

Bis Enn der Woch sti mir ënner Déifdrockafloss, wouduerch et zumols an de westlechen Deeler vu Lëtzebuerg gréisser Quantitéiten u Reen ka ginn. Den däitschen ICON an den amerikanesche GFS rechne mat ëm 30 bis 50 l/m² Reen laanscht d’belge Grenz.

Freiden, 15. Mäerz 2019

De Freidemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tësche 4 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 6 bis 10 Grad erop, et bleift naass a lefteg. Mëttes an am Nomëtten ass keng Ännerung ze erwaarden, dat bei engem däitlech spierbare Wand aus Westen. An de Spëtzte kënne Spëtzte vun em 65 km/h aus Westen areecht ginn. D’Temperature klammen op 8 bis 12 Grad. Um Owend an an der Nuecht bleift et bei 7 bis 11 Grad zimmlech mëll, et reent ëmmer nach.

Samsden, 16. Mäerz 2019

De Samsdemoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien tësche 7 an 11 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter net méi wäit, de Reen bleift nach bei eis. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 8 bis 12 Grad ze rechnen, de Wand bléist frësch bis staark aus Südwesten. An de Spëtzte kënne bis zu 60 km/h areecht ginn. Trotz de ville Wollécken an de Schauere kann d’Sonn tëschenduerch mol laanscht kucke kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 4 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wolléckeg. Et ass oft liicht wolléckeg bis souguer kloer, lokal ass awer mat Niwwelfelder ze rechnen.

Sonnden, 17. Mäerz 2019

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tësche 4 an 8 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter net méi wäit, et gëtt aus Weste lues a lues méi wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperaturen op e Maximum vu 5 bis 9 Grad, de Wand bléist spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass mat 50 km/h ze rechnen. Et reent op ville Platzen. Um Owend an an der Nuecht komme gréisser Pausen dotëschent, allerdéngs kann et ëmmer nach naass ginn. An der zweeter Nuetshalschend ass zumols op de Koppe mat e bësse Schnéifall ze rechnen. D’Temperature faalen op 4 bis 1 Grad zréck, et ka glaat ginn.