Bléck op de Weekend: Nach zäitweis e bësse naass, mee och sonneg Momenter

De Weekend iwwer zirkuléiert weiderhi gréisstendeels déiwe Loftdrock iwwert dem Kontinent, an trotzdeem kënnt sech d’Sonn dobäi weisen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

En Déifdrockkomplex läit mat sengem Zentrum an der Géigend vun den Alpen a bréngt eis ëmmer erëm fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg, déi mol fir Schauere suergen. Eréischt vum Sonnden u probéiert sech den héije Loftdrock dogéint duerchzesetzen. Trotz dëse net all ze schéine Wierder sinn trotzdeem och sonneg Momenter ze erwaarden, mir hu meteorologesch gesinn schonn mol méi schlecht Weekender gehat.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag bis e Méinden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer e Freiden zéie nach eng Partie Wolleken duerch, dotëscht kënnt sech awer och d’Sonn weisen. Bis an de Nomëtten era besteet nach eng kleng Warscheinlechkeet vu Schaueren. D’Temperature leien an de Fréistonnen tëscht -3 an 1 Grad, klammen am Nomëtten awer op e Maximum vun tëscht 9 an 12 Grad.

E Samsden hu mir et weiderhi mat engem Mix aus Sonn an e puer méi décke Wolleken ze dinn, déi eis lokal mol nach geréngfügege Reen kënne bréngen. Et betrëfft awer bei wäitem net méi jiddereen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad. An de Fréistonne gëtt et mat 1 bis 3 Grad och erëm e Stéck méi mëll.

E Sonnde starte mir schonn mat Wäerter vun tëscht 5 a 7 Grad an den Dag eran a packen et am Nomëtten op tëscht 8 an 11 Grad. Et zéien e puer méi déck Wolleken duerch, eng lokal Schauer ass net ausgeschloss. E kuerze sonnege Moment kann awer och erëm mat dobäi sinn.

Déi akkumuléiert Nidderschlagsquantitéite fir de Weekend sollte sech op gréisstendeels tëscht 2 a 4 l/m² beschränken.