Muer an och e Samsde gëtt et mat 30°C an driwwer héichsummerlech waarm, mee schonn vum Samsdenomëtten u gëtt déi ganz Saach manner stabil. Schaueren a Wiedere gi méi warscheinlech.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Bis de Samsdenowend leie mir mol nach ënnert der Zoufuer vu waarme Loftmassen aus dem Mëttelmierraum. Wéi een et op der Kaart hei drënner erkënnt, ass den Uersprong souguer a Nordafrika ze fannen. Heiheem kommen dës awer bei wäitem net méi esou waarm un. An der Nuecht op de Sonnden an och um Sonnde selwer gëtt d’Wiermt erëm aus eise Géigende verdrängt.
Schold drun ass en Déif, wat nërdlech vun de britteschen Inselen läit. Mat der Ënnerstëtzung vun engem Héich iwwert den Azoren dréckt dëst manner waarm Loftmassen an eis Géigenden.
De Verlaf
Um Freiden erwaart eis e frëndlechen an héichsummerlechen Dag, iwwerdeems awer weiderhin e puer Wolleken duerchzéien. Se stéieren dagsiwwer zwar net all ze vill, mee e komplett bloen Himmel ass net esou ganz liicht ze kréien. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 26 an 31 Grad.
De Samsde gesäit et erëm no enger méi kniffleger Affär aus, well d’Wiedermodeller ëmmer nach zimmlech ënnerschiddlecher Meenung a Saache Schauer- an Donnerwiederrisk sinn. Aus aktueller Siicht gesinn (18.07.2024 – 19:10 Auer) sollt et mol nach bis an de Nomëtten era frëndlech bleiwen, ier dann ëmmer méi Cumuluswolleken opdauchen. Et gi richteg héich Temperaturen erreecht, tëscht 27 an 32 Grad sinnze erwaarden. Punktuell kéint och eng 33 Grad net ausgeschloss ginn.
A Richtung Owend gëtt et ëmmer méi schmeier, wat fir e gewëssen Donnerwiederrisk schwätzt. D’Modeller si sech just net sécher, ob dës schonn am spéidere Nomëtten a ganz vereenzelter an isoléierter Form kënne virkommen, oder ob eis an der Nuecht op de Sonnden eng méi groussflächeg Aktivitéit erwaart. Egal wéi et kéim: Am Fall vun engem Donnerwieder besteet haaptsächlech de Risk vu Staarkreen – je no exakter Situatioun kënnen och stiermesch Wandstéiss a Knëppelsteng dobäi sinn.
D’Donnerwiederwarscheinlechkeet ass och nach de Sonnden en Thema, se zitt sech bis an de Nomëtten eran. Och hei gëlt ëmmer nach dat selwecht wéi fir de Samsde genannt. Am Laf vum spéidere Nomëtten, spéitstens vum Owend un, sollt et méi dréchen a méi frëndlech ginn. D’Temperature packen et “just” nach op tëscht 21 a 25 Grad.