De Weekend steet onmëttelbar virun der Dier an e gesäit, wat d’Wieder ugeet, guer net emol esou schlecht aus.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Weekend bestëmmt déiwe Loftdrock iwwert der Nordséi an och um Atlantik esouwéi och e gréissert Héichdrockgebitt iwwert eist Wieder, wat sech um Sonndenowend vu Spuenien aus iwwer Mëtteleuropa bis a Polen erstreckt.
Zäitweis hunn d’Schaueren also mol nach eppes ze soen, mee se si net méi grad esou fréquent. D’Temperaturen erleiden doduerch awer e klenge Réckgang.
De Verlaf
Haut um Freidemoie si mol nach d’Reschter vu Schaueren an Donnerwieder iwwert eis ewechgezunn, déi iwwert d’Nuecht a Frankräich ënnerwee waren. Elo, am Laf vum Dag, geet et awer manner naass virun. Mat Chance léisst sech och d’Sonn tëscht de Wolleke blécken. Och wann d’Tendenz a Saache Reen ofhuelend ass, kënnen um Wee dohin awer nach vereenzelt Nidderschléi net ausgeschloss ginn. Den Thermometer klëmmt op e Maximum vun tëscht 15 a 24 Grad.
Muer um Samsde gesinn d’Modeller, dass et a Richtung Owend ëmmer méi sonneg gëtt. Ier et awer esouwäit ass, sinn nach bis an de fréie Nomëtten eran e puer eenzel Schauere net ausgeschloss. Mat 17 bis 21 Grad ass et e Stéck manner waarm wéi an de leschten Deeg. Fir de Sonnde gesäit et weiderhin no engem frëndlechen a virun allem dréchenen Dag aus: No engem klore Moien kommen iwwert de Mëtte Wolleken an d’Spill, aus deenen et awer net reent. Am Laf vum spéidere Nomëtte gëtt d’Wollekendecken erëm méi dënn, an der Nuecht op e Méinde soll et esouguer kënnen opkläeren. Dagsiwwer gi 19 bis 23 Grad erreecht.
De Bléck op déi nächst Woch verréit eis, dass et e Méinden erëm zu Schaueren an och eenzelnen Donnerwieder ka kommen, och um Dënschde kann et punktuell e bësse naass ginn. An den Deeg drop ginn d’Prognosen zwar méi onsécher, mee aktuell besteet den Trend op däitlech méi héich Temperaturen.