Bléck op de Weekend: No a no manner naass, dofir awer vill ze waarm fir d’Joreszäit

E Freide sinn déi meescht Nidderschléi ze erwaarden, bis e Sonnde gëtt et awer no a no méi dréchen. Eis Temperature sinn an engem vill ze héije Beräich fir d'Joreszäit ënnerwee.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer hu mir et mat héijem Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum & dem Balkan ze dinn, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert den Atlantik regéiert. Duerch dëst Stréimungsmuster ergëtt sech eng südwestlech bis westlech Wandrichtung, duerch déi vill ze waarm Loftmassen an eis Géigende gelenkt ginn. Punktuell ass esouguer eng positiv Temperaturanomalie vun 12 Grad ze erwaarden, wat heescht, dass den eigentlechen Duerchschnëttstemperaturwäert fir d’Joreszäit ëm 12 Grad iwwertraff gëtt.


Wou déi waarm Loftmassen hierkommen | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Zu Lëtzebuerg, mee och an eise Nopeschlänner, kéint et also de wäermste Joreswiessel vun allen Zäite ginn.

De Verlaf

E Freide starte mir mat ville Wolleken an den Dag eran, spéitstens vum fréie Nomëtten u sollt eis aus Westen en décke Batz Reen erreechen. Op de meeschte Plazen am Land gëtt et also naass, et ka plazeweis och e bësse méi kräfteg reenen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 9 an 11 Grad. De Wand ass stramm aus südwestleche bis west-südwestleche Richtungen ënnerwee, an de Spëtzten ass mat Vitesse vun tëscht 60 a 75 km/h ze rechnen. De Reen an d’Schaueren duerno zéie sech nach an d’Nuecht op de Samsden eran.

E Samsde selwer starte mir mat Wolleken an den Dag eran, lokal kann et mol nach e bësse naass ginn. Am Laf vum Dag verzéie sech d’Nidderschléi awer, mat Chance kann esouguer e kuerze sonnege Moment optrieden. D’Temperature starte schonn bei mëlle 9 bis 12 Grad, packen et dann am Laf vum Dag op tëscht 14 a 17 Grad – et ka net ausgeschloss ginn, dass et lokal minimal driwwer geet. Zur Erënnerung: Déi héchst Dezembertemperatur, déi jeemools un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel gemooss ginn ass, war 14,7 Grad. An der Nuecht op den éischte Januar 2023 ginn d’Wäerter op tëscht 7 an 11 Grad zréck, kal gëtt et also net.

E Sonnden zéien e puer Wolleken duerch, e puer sonneg Momenter sinn och erëm méiglech. D’Temperature packen et op 12 bis 15 Grad, lokal ass och eng 16 méiglech. Nidderschlag steet aus momentaner Siicht gesi keen um Plang.