Bléck op de Weekend: Nom Samsden a Richtung Hierscht

Bis de Samsden gi nach waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt. Duerno ass e Wiederëmschwong ze erwaarden, deen eis Temperaturen e gutt Stéck zréckfale losse wäert.

Um Samsde nachemol bis zu 33 Grad

Duerch en Déifdrockgebitt, wat knapp nordëstlech vun de briteschen Inselen läit, ginn de Freide mee virun allem de Samsde nach emol waarm Loftmassen op Mëtteleuropa a soumat och op Lëtzebuerg gelenkt. Den Ëmschwong kënnt awer schon am Verlaf vum Sonnden.

Freiden, 30. August 2019

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 13 a 16 Grad. An den Däller am Norde si lokal em 8 Grad ze erwaarden. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 20 bis 23 Grad erop, d’Sonn kritt sech ëmmer besser duerchgesat. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 25 bis 30 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzte gi 25 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 7 Grad zréck, den Himmel ass kloer.

Video vum 29. August 2019

Samsden, 31. August 2019

De Samsdemoien hu mir et mat vill Sonn ze dinn, an eenzelnen Däller sinn och mol nach Niwwelfelder dobäi. D’Temperature leien tëscht 12 an 18 Grad, an den Däller bei 8 bis 10 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 23 bis 26 Grad erop, d’Sonn ass iwwer Bierg an Dall ze gesinn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 29 bis 33 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Südwesten. An de Spëtzte sinn 30 km/h ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 10 Grad zréck, et gëtt no a no méi wolléckeg mee et bleift drëchen.

Sonnden, 01. September 2019

De Sonndemoien ass et liicht wolléckeg bis bedeckt, d’Temperature leien tësche 6 an 13 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 15 bis 18 Grad erop, et gëtt ëmmer méi gro. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 20 bis 23 Grad gemooss, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Westen. An de Spëtzte si 40 km/h ze erwaarden. Trotz ville Wollécke sollt et awer meeschtens drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 5 Grad zréck, an den Däller am Norde kann et lokal begrenzt souguer bis op 3 Grad erofgoen.