Bléck op de Weekend: Ongemittlech, mee méi waarm

D’Phase mam héije Loftdrock geet sou lues op en Enn. Vum Freiden un gëtt et méi ongemittlech – dat duerch méi Wolleken, Nidderschléi an e spierbare Wand. Et soll awer iwwerdeems méi waarm ginn.

Héichdrock verzitt sech

Mir gerode vum Freiden un ënner eng zyklonal Weststréimung, wat bedeit, dass ëmmer rem Déifdrockgebitter mat hire Fronte vum Atlantik hier iwwer Mëtteleuropa ewechzéie wäerten. Iwwerdeems ginn awer och méi mëll Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert, wouduerch et fir eng Zäitche net méi fréiere sollt, och net an de Nuechten.

De Wand wäert viraussiichtlech och eng Roll spillen. An der Nuecht op de Samsde kënne beispillsweis op exponéierte Plaze Spëtzte vun em 60 km/h aus Südwesten areecht ginn, genee wéi och um fréie Sonndemoien.

Animatioun / GIF: wxcharts.com

Ëmstellung op zyklonal Westwiederlag

Freiden, 06. Dezember 2019

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg, et bleift awer nach meeschtens drëchen. D’Temperature leien tëscht -2 an 2 Grad, glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op -1 bis 2 Grad erop, aus Nordwesten zéie Nidderschléi an d’Land eran. Dës kënne, je no Héicht iwwert dem Mieresspigel an och Temperatur, als Reen, Schnéireen oder Schnéi erofkommen. D’Temperature beweege sech sou lues iwwerall am Land an de positive Beräich, op Buedemhéicht dauert et awer nach e bësse bis et souwäit ass. Iwwerdeems d’Nidderschléi also ëmmer méi a Reen iwwerginn, kann et lokal sinn, dass et kuerzzäiteg méi glat gëtt, well de Nidderschlag um Buedem fréiere kann. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 3 bis 6 Grad areecht, d’Gefor vu glate Stroosse geet ëmmer méi wäit zréck, well et och um Buedem méi waarm gëtt. Et besteet also just kuerzzäiteg a lokal eng Gefor. Et bleift bedeckt a naass, de Wand bléist spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte kann e bis em 50 km/h areechen. Um Owend an an der Nuecht gëtt et méi waarm, d’Temperature pendle sech tëscht 6 a 9 Grad an. Buedemfrascht a glat Stroosse sinn also keen Thema méi.

Samsden, 07. Dezember 2019

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, et kann zu liichte Nidderschléi a Form vu Fisemreen kommen. Och Niwwel ass méiglech bei 5 bis 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter net vill méi wäit, et bleift gro. Mëttes an am Nomëtten ass keng gréisser Ännerung ze erwaarden, d’Temperature klammen op e Maximum vu 6 bis 10 Grad. De Wand bléist spierbar aus West- Südwesten a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Trotz de ville Wolleke bleift et meeschtens drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 5 Grad zréck, et gëtt lues a lues fir eng Zäitche manner gro. Et bleift lëfteg.

Sonnden, 08. Dezember 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, et bleift awer nach meeschtens drëchen. D’Temperature leien tëscht 4 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 9 Grad erop. Et gëtt ëmmer méi naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist staark aus West- Südwesten. An de Spëtzten ass mat 60 km/h ze rechnen. Et ass meeschtens gro an et kënnt zu e puer Schaueren. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 3 an 8 Grad an, no enger klenger Reepaus setzt rem groussflächegen a lokal méi staarke Reen an. De Wand ass ëmmer nach present a weist sech mat Spëtzte vun deelweis bis 80 km/h.