Bléck op de Weekend: Op wat kann ee sech astellen?

Dir hutt de Weekend eng dobausse wëlles mee wësst net, wéi d’Wieder gëtt? Hei geheie mir en éischte Bléck drop!

Grousswiederlag

Och de Weekend iwwer gëtt eist Wieder vun déiwem Loftdrock bestëmmt. D’Temperature leien dobäi meeschtens net wäit fort vum Gefréierpunkt, just zäitweis ass et e bësse méi mëll. Lokal ergi sech och erëm Chancen op déi eng oder aner Schnéischaueren. Och war mir iwwert de Weekend erauskucke schéngt sech esoubal net eng frëndlech Héichdrocksituatioun anzestellen.


De Verlaf vun de Loftmassen iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 03. Dezember 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, d’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -2 an 1 Grad erop. Et gëtt nach e Stéck méi gro, mee et bleift gréisstendeels dréchen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht -1 an 3 Grad ze rechnen, de Wand bléist ëmmer nach spierbar bis stramm aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee. Et ass nach gréisstendeels nidderschléagsfräi. Um Owend leien d’Temperature nach ronderëmt de Gefréierpunkt, wouduerch mat Schnéischaueren ze rechnen ass, dat deels och bis méi wäit erof. Am weidere Verlaf, respektiv an der Nuecht selwer, klammen d’Wäerter op 3 bis 5 Grad un. De Schnéi geet iwwerall a Reen iwwer.

Samsden, 04. Dezember 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 3 a 6 Grad erop – kee gréisseren Ënnerscheed also. Et bleift groussflächeg naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 3 an 8 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus West-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift staark bedeckt an et reent weiderhin. Um Owend reent et mol nach virun, op de Koppen ass kuerz mat eenzelne Flacken ze rechnen. A Richtung zweet Nuetshallschent gëtt et ëmmer méi dréchen, d’Temperature pendle sech tëscht 0 a 4 Grad an. Glat Stroosse si lokal méiglech.

Sonnden, 05. Dezember 2021

De Sonndemoien ass et gro duerch vill Wolleken a Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad. Glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte klammen d’Temperature net vill méi wäit, et si vereenzelt Nidderschléi a Form vu Schnéiflacken a Schnéireen méiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 1 a 4 Grad ze erwaarden, Et bleift zimmlech gro, dat meeschtens duerch Niwwel. Wann et zu Nidderschléi kënnt, da just a Form vu Gefisems. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 3 Grad zréck, et bleift bedeckt an et ka lokal zu glate Stroosse kommen.