Bléck op de Weekend: Plazeweis Schnéiflacke méiglech

De Weekend gëtt et mol rem engkéier liicht méi wanterlech zu Lëtzebuerg. Schold dovir ass en Héichtendéif, och nach Kaltlufttropfen genannt, deen däitlech méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg schéckt.

Rem méi wolléckeg

Et gëtt a nächster Zäit allgemeng rem méi wolléckeg. Den ugeschwaate Kaltlufttropfen soll dann de Samsde réicht richteg an d’Spill kommen.

Freiden, 12. Abrëll 2019

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wolléckeg, lokal ass mat Niwwelfelder ze rechnen. D’Temperature leien tësche -2 an 3 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 3 bis 6 Grad erop, soubal de Niwwel fort ass kënnt sech d’Sonn nachemol richteg weisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 4 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass mat em 30 km/h ze rechnen. Et gëtt ëmmer méi wolléckeg, et bleift awer drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 0 bis -5 Grad zréck, Niwwelfelder kënne sech forméieren. Et ka glaat ginn.

De Kaltlufttropfen um Samsden iwwer Lëtzebuerg (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 13. Abrëll 2019

De Samsdemoien ass liicht wolléckeg bis niwwleg, d’Temperature leien tësche -3 an 1 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 1 bis 4 Grad erop, et gëtt manner gro/niwwleg an d’Sonn kann duerchkommen. Mëttes an am Nomëtten gëtt et aus nordöstleche Richtungen séier méi gro, dobäi leien d’Temperaturen tëschen 3 a 5 Grad am Norden, am Süde gi nach 4 bis 6 Grad areecht. Et ass mat Nidderschléi ze rechnen, déi zumols am Norden als Schnéireen eroofkomme kënnen. De Wand bléist spierbar aus Nordosten, an de Spëtzte sinn em 40 km/h ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht si nach eenzel Schauere méiglech, déi duerch Temperaturen, déi op 0 bis -2 Grad zréckgoe kënnen, als Schnéischaueren eroofkomme kënnen. Glaat Stroosse sinn also och méiglech.

Sonnden, 14. Abrëll 2019

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, bei -1 bis 2 Grad kann et zu Schnéischauere kommen. Am Virmëtte gëtt et awer rem séier méi mëll, dat bei 3 bis 6 Grad. De Schnéi geet a Reen iwwer. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 6 bis 10 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Nordosten. An de Spëtzte packt en et op 40 km/h. No enger klenger Reepaus um Mëtten zéien am spéidere Nomëtte nei Schaueren an d’Land. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis -1 Grad zréck, et ass liicht wolléckeg. Niwwelfelder kënnen och rem optrieden.