Bléck op de Weekend: Richtung Sonnde bësse méi onbestänneg

E Weekend iwwer gi mir ëmmer nach vu mëlle bis waarme Loftmasse versuergt. Dobäi hu mir et meeschtens mat engem Sonn- Wollekemix ze dinn.

Geréng Schauerwahrscheinlechkeet

Et geet zwar meeschtens frëndlech virun, dat och bei agréablen Temperaturen, allerdéngs kéint spéitstens vum Samsden un awer eng kleng Wahrscheinlechkeet vu Schaueren oder och mol engem ganz lokalen Donnerwieder bestoen. Des kleng “Stéierung” sollt awer net all ze laang unhale, well et nächst Woch scho rem zimmlech frëndlech virugoe kéint – op mannst de momentane Wiedermodeller no.

Freiden, 10. Abrëll 2020

De Freidemoien ass den Himmel meeschtens kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 9 an 12 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 17 bis 19 Grad erop, d’Sonn ass um RDV. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 22 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Süden. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et besteet just eng minimal Wahrscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer. Meeschtens bleift et drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 11 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi wollekeg.

De Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 11. Abrëll 2020

De Samsdemoien ass et meeschtens wollekeg, eenzel Schauere si net onméiglech. D’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 19 Grad erop, d’Schauerwahrscheinlechkeet bleift weiderhi bestoen. Dat selwecht gëlt fir de Mëtten an och de Nomëtten, dat bei Maximaltmeperature vun 20 bis 24 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West- Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. D’Wahrscheinlechkeet vu Nidderschléi geet an d’Luucht, och Donnerwieder si méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 10 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi drëchen an och manner wollekeg.

Sonnden, 12. Abrëll 2020

De Sonndemoien hu mir et net méi mat sou ville Wolleken ze dinn, d’Sonn kënnt sech weise soubal se opgeet. D’Temperature leien tëscht 10 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 18 Grad erop. Sonn a Wolleke wiessle sech of. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 25 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Osten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et besteet eng minimal Schauerwahrscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 8 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Spéiderhi kläert et op.