Bléck op de Weekend: Rouegt Wanterwieder, lokal markante Frascht

No engem nawell meteorologesch interessante Start an dat neit Joer gëtt et vum Weekend un méi roueg zu Lëtzebuerg. Zäitweis a lokal gëtt et awer richteg frësch.

Advertisement

Héichdrockafloss iwwerhëlt

Muer um Freide gerode mir ëmmer méi ënner Héichdrockafloss. Richteg spierbar gëtt et vum Weekend selwer un, iwwerdeems eis an der Héicht och immens kill Loftmassen erreechen. Zumools falls et an de Nuechten oder de fréie Moiesstonnen opkläert, kënnen d’Temperature méi wäit zréckgoen. Deemno wou a wéi sinn och Wäerter bis ëm -10 Grad net ausgeschloss.

De Verlaf

Muer um Freide wiessele sech d’Sonn a méi déck Wolleken of, virausgesat de Niwwel verzitt sech. Bei -4 bis 1 Grad um Moien a -2 bis 2 Grad am Nomëtten ass et zwar kal, mee an den Deeg drop soll et nach manner ginn.


Wéi eis de Weekend kill Loftmassen “fluten” | Animatioun: wxcharts.com

E Samschden an och e Sonnden kënnt et erëm vill op de Niwwel un, wéi dem seng Laun ass. Léist e sech op, da kënnt sech d’Sonn weisen. D’Maximalwäerter leien e Samschden tëscht -3 an 2 Grad, e Sonnden tëscht -1 an 2 Grad.

A Saachen Déifsttemperature kënnen d’Wäerter e Samschdemoien tëscht -4 an deels -9 Grad unzetreffe sinn. An der Nuecht op e Sonnden an och e Méinde si -1 bis -7 Grad ze erwaarden – punktuell fläit nach drënner.

An den Deeg drop ännert sech wuel net vill un der Wiederlag, d’Temperature sollen awer net méi grad esou niddereg leien.