Bléck op de Weekend: Saharastëbs verzitt sech lues a lues

Mir leien de Weekend iwwer gréisstendeels ënner Héichdrockafloss, just e klengt Déif dotëscht ka mol fir Stéierunge suergen. De Saharastëbs wäert eis och lues awer sécher verloossen.

Grousswiederlag

Vum Atlantik hier verlagert sech e grousst Héichdrockgebitt a Richtung Westeuropa a wäert eis dëse Weekend iwwer beaflossen. Eréischt am Laf vum spéidere Samsden an och um fréie Sonnde besteet d’Warscheinlechkeet vun engem klengen Déif, wat vun Däitschland hier op Lëtzebuerg gezu kënnt an erëm e bësse méi Wolleke bei eis bréngt. Et besteet zwar och eng kleng Reewarscheinlechkeet, wierklech nennenswäert Quantitéite sollten dobäi awer net optrieden.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 18. Mäerz 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, eenzel Niwwelfelder sinn och méiglech. D’Temperature leien tëscht -1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 4 a 7 Grad erop. Wa nach Wolleken do sollte sinn, da verschwannen och dës a klenge Schrëtt. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 15 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar bis zäitweis stramm aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee. Den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg, et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 a 4 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg.

Samsden, 19. Mäerz 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 6 a 9 Grad erop. Et zéien e puer labber Wolleken duerch, d’Sonn weist sech awer och nach. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h dobäi. Et gëtt weiderhi a klenge Schrëtt méi wollekeg. Um Owend an an der Nuecht besteet eng kleng Warscheinlechkeet vu ganz vereenzelte schwaache Nidderschléi, mee dat betrëfft just déi allermannst. D’Temperature ginn op tëscht 0 an 3 Grad zréck, den Himmel zitt weider zou.

Sonnden, 20. Mäerz 2022

De Sonndemoien ass et meeschtens bedeckt, lokal begrenzt si schwaach Nidderschléi méiglech. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 5 a 9 Grad erop. Et bleift zimmlech gro, liichte Nidderschlag ass weiderhi lokal méiglech. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 12 a 16 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et zéie weiderhin e puer méi déck Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréck, et gëtt no a no manner wollekeg.