Bléck op de Weekend: Samsde kann e méi naassen Dag ginn

Aktuell Wiedermodeller verrooden, dass de Samsde wuel e méi groen an och naassen Dag kéint ginn.

Grousswiederlag

Iwwerdeems mir um Freide nach gréisstendeels ënner héijem Loftdrock leie, wandert um Samsden en Déif an eis Géigenden. Dëst Déif wäert da fir däitlech méi Wolleke suerge kënnen, inklusiv Nidderschléi. All ze laang unhale soll dës Situatioun awer net.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 12. November 2021

De Freidemoien ass kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 2 a 5 Grad erop. Fir béid Zäitspaanen heescht et natierlech erëm, dass sech de Niwwel fir d’éischt opléise muss. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et zéie just e puer eenzel Wolleken duerch an d’Sonn weist sech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 7 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi wollekeg. An der Nuecht op de Samsde sinn éischt Nidderschléi net ausgeschloss.

Samsden, 13. November 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 a 9 Grad erop. Et bleift bedeckt a naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ze erwaarden, et bleift bedeckt an et reent. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift éischter ongemittlech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 a 9 Grad zréck, et bleift bedeckt mee et misst erëm gréisstendeels dréche bleiwen.

Sonnden, 14. November 2021

De Sonndemoien ass et meeschtens gro duerch Wolleken a Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et kann zu eenzelnen Opklärunge komme, wann de Niwwel et zouléisst. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. A Richtung Owend a Nuecht sinn zwar eng Partie Wolleken erëm dobäi a spéiderhi forméiert sech och erëm Niwwel, wierklech reene soll et awer net. D’Temperature ginn op tëscht 4 a 7 Grad zréck.