Bléck op de Weekend: Samsde kuerz bësse manner waarm

Iwwerdeems mir elo wärend der Woch méi um Rand um héije Loftdrock leie, wäert e sech de Weekend iwwer méi oder manner genee iwwert eis leeën. Doduerch wäert et méi sonneg ginn an d’Wolleke verschwannen zu engem groussen Deel, haaptsächlech um Sonnden.

fir d’lescht aktualiséiert: 11. Juni 2021 – 02:13 Auer

Grousswiederlag

Iwwerdeems mir et bis de Samsde mat iwwert dem zentralen Europa nach mat liichtem Déifdrock ze dinn hunn, deen virun allem iwwert der Südhallschent vun Däitschland Schauere brénge kann, wäert sech den Héichdrockafloss a Richtung Enn vum Weekend ëmmer méi iwwert eis stabiliséieren. Doduerch wäert et bis dohin och no a no manner wollekeg ginn. Just um Samsde ginn eis Temperature kuerz liicht zréck, wat awer net mam allgemenge Wiederzoustand zesummenhänke wäert.


D’Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 11. Juni 2021

De Freidemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 21 bis 25 Grad erop. Et gëtt no a no e bësse méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 24 an 28 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et zéien eng Partie Wolleken duerch, d’Sonn weist sech awer tëschenduerch. Et besteet eng kleng Schauerwarscheinlechkeet, et sollt trotzdeem gréisstendeels dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg an et kläert op.

Samsden, 12. Juni 2021

De Samsdemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 13 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op 16 bis 22 Grad erop. Et gëtt no a no méi wollekeg, et bleift awer dréchen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 20 a 25 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Déi kleng Schauerwarscheinlechkeet bleift nach bestoen, mee et bleift trotzdeem gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, den Himmel kläert op.

Sonnden, 13. Juni 2021

De Sonndemoie schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen d’Wäerter op 17 bis 19 Grad erop, et bleift frëndlech bei vill Sonn. Mëttes an am Nomëtten ass mat kenger Ännerung ze rechnen, allerhéchstens sinn e puer vereenzelt, kleng an harmlos Wolleken dobäi. D’Temperature klammen op e Maximum vun 22 bis 26 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 9 an 13 Grad zréck, d’Luucht bleift kloer.