Bléck op de Weekend: Samsde wuel dréchensten Dag

De Weekend iwwer hu mir et mat ville Wolleken ze dinn, och Schaueren droen en Deel dozou bäi.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir gréisstendeels ënner Déifdrockafloss. E Freiden zitt een Déifdrockkär knapp südlech un eis laanscht, den anere läit iwwer Dänemark. De Samsden dréckt sech héije Loftdrock iwwer d’Alpen, iwwerdeems mir am BeNeLux Beräich quasi genee tëscht Héich an Déif leien – dat ass de Grond firwat de Samsde wuel een vun de méi dréchenen Deeg wäert sinn. De Sonnde geréit erëm méi den déiwe Loftdrock vum Atlantik an eis Géigenden, et gëtt also erëm méi bedeckt a fiicht.


De Verlaf vun der Wiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 04. November 2022

De Freidemoien ass et bedeckt, Niwwelfelder sinn och ze erwaarden. Dobäi ass mat Schaueren ze rechnen, d’Temperature leien tëscht 5 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 a 9 Grad erop. Et bleift bedeckt a naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 9 an 12 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 20 km/h ënnerwee. Et bleift zimmlech bedeckt, Nidderschléi si weiderhi méiglech. Just mat vill Chance ass dotëscht mol e sonnege Moment ze erwaarden. Den Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 6 Grad zréck, et si weiderhi Wolleken ënnerwee. Niwwelfelder komme mat dobäi.

Samsden, 05. November 2022

De Samsdemoien ass et eigentlech kloer bis liicht wollekeg, mee et ass wuel mat méi zéiem Niwwel ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 4 an 8 Grad erop. Just Stéck fir Stéck kritt sech de Niwwel warscheinlech opgeléist. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of, esoubal de Niwwel fort ass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 a 4 Grad zréck, et sinn op e Neits Niwwelfelder ze erwaarden.

Sonnden, 06. November 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 6 an 8 Grad erop. Et gëtt no a no méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 13 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, am Nomëtte ka liichte Nidderschlag optrieden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 6 an 10 Grad zréck, den Himmel ass wollekeg bis hin zu niwwleg – geréngfügege Nidderschlag ass méiglech.