Bléck op de Weekend: Schaueren an e spierbare bis stiermesche Wand

De Weekend steet bal virun der Dier a wäert duerch eng ganz Partie Schaueren esouwéi och en aktive Wand opfalen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

D’Héichdrockgebitt, wat eis bis e Mëttwoch nach gréisstendeels den ugekënnegte Wiederëmschwong vun eis ewechgehalen huet, verzitt sech a Richtung Osten a Südosten aus eisem Aflossberäich eraus. Eng westlech Stréimung iwwerhëlt, dat ugedriwwe vun enger ganzer Rëtsch Déifdrockgebitter déi sech vum Atlantik hier bis an de Norde vun Europa erstrecken. Et kann een aus Westen hier also ëmmer erëm Schaueren erwaarden, déi och vun engem spierbare bis heiansdo och mol stiermesche Wand wäerte begleet ginn. E kuerzt Donnerwieder ass och net ausgeschloss.


Op der Animatioun ass ze erkennen, wéi bis e Sonnden ëmmer erëm Schaueren duerchzéie sollen | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freide ka sech d’Sonn zwar heiansdo weise kommen, et kënnt awer och ëmmer erëm zu Schaueren. Dës Schauere kënnen och fir déi eng oder aner Blëtzentluedung suergen, esouwéi och spierbar bis hin zu méi stiermesche Wandstéiss. An de Spëtzte kënne bis ëm 65 km/h optrieden, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 12 a 15 Grad. E Samsde si mir nach mat Maximalwäerter vun tëscht 8 an 12 Grad dobäi, de selwechte Schauermodus hält sech nach bis an de Nomëtten eran. A Richtung Owend gëtt et de Modeller no erëm fir eng kuerz Zäit manner warscheinlech, dass et mol naass gëtt.

No dëser ganz kuerzer Nidderschlagspaus gëtt fir e Sonnden e Nidderschlagsgebitt berechent, wat de Gros vum Land betreffe wäert. D’Temperature klammen am Dag nach op 8 bis 12 Grad, a Richtung Owend falen d’Wäerter awer besonnesch am Norde séier op ëm 2 bis 4 Grad. Dass et do heiansdo mol eng Flack aus de Wolleke bléist, ass méiglech. De Wand spillt och eng Roll a bléist mat Spëtzte vu 55 km/h. Vum Owend u gëtt et erëm méi dréchen.