Bléck op de Weekend: Sonn a Wolleken, am Norde Buedemfrascht méiglech

Muer um Freide kënnt eis en Héichdrockgebitt méi no, wat sech e Samschden an e Sonnden iwwert eis leet. Et steet also e gréisstendeels dréchene, mee dofir och kale Weekend virun der Dier.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi gesot, verlagert sech de Weekend iwwer en Héichdrockgebitt an eis Géigenden. Et kënnt vum Atlantik hier eragezunn a wäert fir e rouege, mee kille Wiedercharakter suergen. Opfälleg sinn d’Temperaturen, well déi leie net besonnesch héich – an de Nuechte ka punktuell Buedemfrascht optrieden!


Wéi sech d’Loftmassen de Weekend iwwer wäerten entwéckelen | Animatioun: wxcharts.com

Grond dofir ass och d’Vb-Déif, wat an dësen Deeg fir zolitt Iwwerschwemmungen iwwer Deeler vun Eisträich, Tschechien a Polen wäert suergen. Tëscht dësen zwee Drockgebitter gi kill Loftmassen aus dem skandinavesche Raum ugezapt.

De Verlaf

Muer um Freide wiessele sech Sonn a Wolleken of, zumools tëscht dem Virmëtten an dem spéidere Nomëtte si vereenzelt Schaueren ze erwaarden. D’Temperature packen et op Héchstwäerter vun tëscht 12 a 16 Grad, an der Nuecht op e Samschde kënnen d’Wäerter an der Nordhallschent vum Land deels op bis zu 2 Grad erofgoen. Soss leien d’Wäerter tëscht 3 a 6 Grad.

E Samschde kënnt d’Héichdrockgebitt weider a Richtung Europa gezunn, wat mir och gutt mierken. Soubal de Niwwel verschwënnt gëtt et sonneg, et zéien e puer harmlos Wolleken duerch – et bleift also dréchen. D’Temperaturen erreechen 12 bis 15 Grad, an der Nuecht gi se méi verbreet op tëscht 2 a 4 Grad zréck. Haaptsächlech am Westen a Südweste soll et mat ëm 5 Grad nach am wäermste bleiwen.

De Sonnde gëtt et änlech: Sonn a Wolleke wiessele sech of, et bleift dréchen. D’Temperaturen erreechen 13 bis 17 Grad, d’Nuecht op e Méinde verleeft mat 6 bis 11 Grad erëm e Stéck méi mëll.