Bléck op de Weekend: Sonn- Wolléckemix, meeschtens drëchen

De Weekend wärte weiderhi nach eng Partie Wollécken ënnerwee sinn, tëschenduerch weist sech d’Sonn awer och. Schaueren triede, wann iwwerhaapt, just zäitweis a ganz enk begrenzt op.

Loftdrock klëmmt no a no

De Weekend iwwer installéiert sech héije Loftdrock iwwert eise Géigenden, dee mat séngem Kär lues a lues a Richtung Ost-Italie wandert. Iwwert dem Atlantik, westlech vun Irland, läit en Déif. Dës Kombinatioun suergt dofir, dass eis aus südleche Richtungen am Laf vun den Deeg rem méi waarm Loftmassen areeche kënnen.

Freiden, 02. August 2019

De Freidemoien ass et meeschtens wolléckeg, mir leien ënner liichtem Déifdrockafloss. D’Temperature leien tëschen 13 an 18 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 19 bis 24 Grad erop, et gëtt e bësse manner wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 23 bis 27 Grad areecht, Sonn a Wollécke wiessle sech of. Eng lokal begrenzt Schauer ka net ausgeschloss ginn. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus West-Nordwesten, an de Spëtzte gi bis zu 40 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 13 Grad zréck, zumols an den Däller kann et zu Niwwelfelder kommen.

Méi waarem Loftmasse fannen hire Wee rem op Lëtzebuerg (GFS / wxcharts.com)

Samsden, 03. August 2019

De Samsdemoien ass et oft gro, virun allem am Norde kënne mol Niwwelfelder dobäi sinn. D’Temperature leien tësche 14 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 22 Grad erop. Et bleift gro. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 26 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Norden. Et ass mat Spëtzte vun 30 km/h ze rechnen. Et gëtt no a no manner wolléckeg, soudass d’Sonn sech och nach weise komme kann. Um Owend an an der Nuecht falen d’Temperaturen op 17 bis 11 Grad, duerch eng Front zéie rem e puer Wollécken iwwert eis ewech. Et bleift awer gréisstendeels drëchen.

Sonnden, 04. August 2019

De Sonndemoien ass et liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 13 a 19 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 20 bis 24 Grad erop, d’Sonn ass ze gesinn. Mëttes an am Nomëtte wiessle sech Sonn a Wollécken of, d’Temperature klammen op e Maximum vu 25 bis 28 Grad. Réischt am spéidere Nomëtte kommen aus Weste méi Wollécken eragezunn, reene sollt et awer aus momentaner Siicht gesi net. De Wand bléist schwaach aus Norden, dat mat 30 km/h an de Spëtzten. Um Owend an an der Nuecht kënnt aus Westen eng Stéierung eragezunn, déi eis vill Wollécke mee och ëmmer nach kee Ree brénge sollt. D’Temperature falen op 19 bis 11 Grad.