Bléck op de Weekend: Sonnde viraussiichtlech am ongemittlechsten

De Weekend steet rem virun der Dier. Dëskéier immens interessant fir jiddereen, dee wéinst der Fuesent ënnerwee ass.

Sonnde viraussiichtlech den ongemittlechsten Dag

De Weekend iwwer ass u sech net mat all ze vill Reen ze rechnen. Sou wéi et de Moment ausgesäit, wäert et de Freide souwéi och de Samsden allermeeschtens drëche bleiwen. De Sonnde besicht eis awer e Randdéif, duerch dat et däitlech méi gro wäert ginn. D’Wahrscheinlechkeet vu méi laang unhalendem Reen an engem stramme Wand ass erhéicht.

Freiden, 21. Februar 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, op ville Plazen ass awer och Niwwel méiglech. D’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad, glat Stroosse sinn ze erwaarden. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 2 bis 4 Grad erop, mat Chance léist sech de Niwwel séier genuch op. An deem Fall kéim sech d’Sonn nawell séier weisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 6 bis 10 Grad areecht, de Wand bléist liicht spierbar aus West- Südwesten. An de Spëtzte gi 40 km/h areecht. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, et bleift awer drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis 1 Grad zréck, et kläert ëmmer méi op. Glat Stroosse kënne rem plazeweis optrieden.

De Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 22. Februar 2020

De Samsdemoien ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg, Niwwelfelder sinn awer och rem dobäi. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 4 bis 7 Grad erop, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Mëttes an am Nomëtte gëtt et rem ëmmer méi gro, d’Temperaturen areechen e Maximum vu 9 bis 12 Grad. Et wäert net reenen. De Wand bléist méisseg aus Südwesten a packt et op 55 km/h an de Spëtzten. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 6 Grad zréck, Reen gëtt an der zweeter Nuetshalschend lues a lues méi wahrscheinlech.

Sonnden, 23. Februar 2020

De Sonndemoien ass den Himmel bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 6 a 9 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter net vill méi wäit, et bleift gro a naass. Genee wéi och mëttes an am nomëtte, wou Maximaltemperature vu 9 bis 12 Grad areecht ginn. De Wand ass lefteg bis stiermesch aus West- Südwesten ënnerwee a packt et an de Spëtzte bis op ëm 75 km/h. Et bleift ongemittlech. Um Owend an och nach an der éischter Nuetshalschend ass mat Reen ze rechnen, ier et duerno méi drëche gëtt.