Bléck op de Weekend: Sonneg a spéitsummerlech waarm

Nodeems mir et an der Woch mat enger Partie méi décke Wolleken ze dinn haten, déi och heiansdo mol eng Drëps Reen bruecht hunn, gëtt et de Weekend däitlech méi sonneg an och méi waarm.

Spéitsummer um Wee

Vum Donneschden un mecht sech lues a lues héije Loftdrock breet, deen och nach um Sonnden eist Wieder bestëmme wäert. Et gëtt net nëmme méi waarm, mee och méi sonneg.

Freiden, 13. September 2019

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, plazeweis och nach méi gro. D’Temperature leien tëscht 13 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op 16 bis 19 Grad erop. Et gëtt no a no méi wollekeg, d’Sonn kënnt sech manner weisen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 25 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nord- Nordwesten. An de Spëtzte packt en et op 25 km/h. Et ass meeschtens gro, et besteet och eng kleng Wahrscheinlechkeet vu lokale Schaueren. Meeschtens bleift et awer drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 7 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg. Et kläert souguer no a no op.

Héije Loftdrock mecht sech breet (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 14. September 2019

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 7 a 14 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 16 bis 19 Grad erop, et gëtt manner wollekeg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 24 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzten areecht en 25 km/h. D’Sonn ass ze gesinn, dobäi zéie just e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 6 Grad zréck, et kläert op.

Sonnden, 15. September 2019

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 7 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op 18 bis 21 Grad erop. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 22 bis 26 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bus liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. D’Sonn ass déi ganzen Zäit ze gesinn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 8 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.