Bléck op de Weekend: Sonneg a summerlech Aussiichten

De Weekend iwwer sti mir ënner stabillem Héichdrockafloss. Et ass dobäi net nëmme sonneg, mee och eis Temperature gi nach eng Kéier alles.

fir d’lescht aktualiséiert: 11. September 2020 – 03:12 Auer

Héije Loftdrock leet sech iwwer grouss Deeler vun Europa, iwwerdeems dobaussen um Atlantik haaptsächlech déiwe Loftdrock virzefannen ass. Duerch dës Konstellatioun gi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum ugezaapt.

Freiden, 11. September 2020

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 17 bis 20 Grad erop. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 22 bis 27 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West- Nordwesten. An de Spëtzte bléist e mat 25 km/h. Et zéien e puer kleng an dekorativ Wolleken duerch, Reen ass keen ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 10 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg.


D’Loftmasseverdeelung iwwert de Weekend. Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 12. September 2020

De Samsdemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 11 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op 16 bis 20 Grad erop. Et ass frëndlech an d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 21 bis 28 Grad areecht, d’Sonn ass omnipräsent. Et zéien héchstens e puer eenzel dekorativ Wolleken duerch. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen, an de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 9 Grad zréck, den Himmel bleift kloer bis liicht wollekeg.

Sonnden, 13. September 2020

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad. Lokal Niwwelfelder kënnen an den Däller net ausgeschloss ginn. Am Virmëtte gi Maximaltemperature vun 18 bis 20 Grad areecht, et ass frëndlech bei vill Sonn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 24 bis 29 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordwesten. An de Spëtzte ginn 20 km/h areecht. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 15 bis 10 Grad zréck, et kläert op.